Info aus dem BU - AN ET ASS DACH WOUER !


Léif Kolleeg:innen !

Am hirem Rapport vum 8. Mäerz 2023 vun der Reunioun vun der DC (Zentraldelegatioun vun de CFL) vum 24. Februar 2023 huet d’Mylène Bianchy als Präsidentin vum SYPROLUX vun 2 Punkte rapportéiert, déi mir als BU-Kommissioun vum SYPROLUX eisen DC‘s-Mandatairë mat an déi Reunioun matgin haten. Déi sinn do och diskutéiert ginn, an zwar ass do festgehale ginn, dass am Roulement keng Iwwergäng ënnert 14 Stonne méi sollen ageplangt ginn, souwéi et à ce stade „Gang und Gebe“ ass. Well den „13ter“ ass eng Derogatioun a kann net per se scho vu vir eran ageplangt ginn. 2te Punkt war, dass déi al „S“-en, déi de Kolleeg:innen vun der Réserve nom 1. Januar 2022 géint hire Wëllen agesat gi sinn, sollten déi endlech erëm zréck op hir respektiv Konnte gesat kréien. Dëst ass och esou fir gutt befonnt ginn. Déi resp. Uerdere sinn awer esou anscheinend ni bei eis am Service ukomm. Deementspriechend ongedëlleg a verdrësslech hunn dunn eng ganz Partie Leit gemengt respektiv behaapt, d’Mylène Bianchy hätt sech déi ganz Punkten aus dem Rapport aus de Fangere gesuckelt a géing eis alleguer d’Geschicht vun der grénger Geess zielen.

An och an der Reunioun bei eisem Chef de Service de 6. Juni, wou eise Personalvertrieder alt erëm dorop opmierksam gemaach huet, dass déi 2 Punkten nach net „op der Schinn“ wieren, ass hie mat der Ausso ofgespeist gi, dass vu Säite vum RH nach keen deementspriechenden Uerder komm wier. An spéitstens do war „d’Bëtschel fett“ an eis Präsidentin huet direkt de 7. Juni mat eisem Generaldirekter Marc Wengler, dem EF-Direkter Marc Hoffmann an dem RH-Direkter Yves Baden telefonéiert, fir déi Hären iwwert de Status quo opzeklären. Déi waren méi wéi iwwerrascht, dass déi 2 Sujeten iwwerhaapt nach géingen an der Loft hänken an hunn dem Mylène Bianchy zougesot, fir do fir Remedur ze suergen.

Do bleiwe mir natierlech um Ball, wéi et dann elo virugeet. An et soll elo keen aneren Personalvertrieder oder aner Gewerkschaft kommen a behaapten, et wier hirem Engagement ze verdanken, wann mer da bis endlech mol Rou an déi 2 däreg Dossieren sollte kréien!!! Dat ass d’Resultat vu ronn 2 Joer Aarbecht a géint Wandmille kämpfen.

Bouneweg, am Juni 2023 Daniel Schildgen, Marc Becker