Uerdentlech Generalversammlung Mutuelle SYPROLUX


Dëst Joer konnt eise President Frank Dumont leider net live mat derbäi sinn ma de Frank war digital zougeschalt an huet d’Generalversammlung vun doheem aus verfollegt.

Et war flott all d‘Memberen ënnert den aktuelle Sécherheetsmoosnamen, spréch ënnert dem Covid-Check rëm ouni bloen, rosaen, schwaarzen oder wäisse Rideau virum Gesiicht ze gesinn.

Nodeems eis Stierfkees déi lescht Generalversammlung am November 2020 zu Péiteng genotzt hat fir hir Statutten dem aktuelle Mutualitéitsgesetz unzepassen hate mer eis aktuell Statutten un de Ministère fir sozial Sécherheet erageschéckt. De Minister Romain Schneider huet eis Statutten och gutt geheescht an eis de 27. Oktober 2021 dës an engem Schreiwes matgedeelt. Zousätzlech huet de Minister eis e puer Verbesserungsvirschléi matgedeelt déi mer an eiser nächster uerdentlecher Generalversammlung mat afléisse loossen.

Aktivitéitsbericht

Trotz Covid-19 an den Aschränkungen déi duerch de Virus entstinn huet d’Mutuelle SYPROLUX un e sëllegen Aktivitéiten deelgeholl.

Ënnert anerem hate mer de 9. Mäerz 2021 eng Komiteessëtzung an den 15. Mee huet de Manou Mullenbach fir eis Stierfkeess un der uerdentlecher Generalversammlung vun der FNML deelgeholl. Eise President de Frank Dumont huet de 19. Juni un der uerdentlecher Generalversammlung vun der CMCM deelgeholl.

An der Summervakanz, de 9. August hu mer eis rëm fir eng Komiteessëtzung zesumme fonnt. E flotten Owend haten dann de Manou, de Paul, den André an d’Viviane wéi si zu 4 um Staminet vun der CMCM deelgeholl hunn.

Walen

Wéi an eise Statutte virgesinn goufen och dëst Joer Wale fir de Komitee vun eiser Stierfkees ofgehalen. All d’Membere sinn de Statutte no austriedend awer rëm wielbar.

Zur Wal gestallt hu sech den André Dhur, de Frank Dumont, de Paul Gries, de Gilles Kneip, de Manou Mullenbach, de Jean-Paul Schmitz, d’Viviane Weis an de Jérôme Weyrich.

All d’Kandidate goufen eestëmmeg duerch Akklamatioun ugeholl.

Déi genee Zesummestellung vum Komitee gëtt wéi gewéinlech an der éischter Komiteessëtzung festgeluet.

Budget 2022

Fir de Budget vum Joer 2022 opzestellen hate mer d’Méint Januar bis September 2021 vun eiser Fiduciaire comptabiliséiert kritt a konnte sou e Budget fir d’Joer 2022 opstellen.

No de néidegen Erklärungen ass de Budget zur Wal gestallt ginn an eis Memberen hunn dësen duerch Akklamatioun ugeholl.