Rapport de la réunion auprès du Chef de Service BU, le 30. septembere 2026


Congé

1. Et wäerte keng Ännerunge gi bei de Congé Gruppen, nëmme bestueden oder gepacste Koppele kommen an déi selwecht Gruppe. (Wann en 3-4 Deeg Congé net zesumme krut kann en ëmmer nach mam Chef Service driwwer diskutéieren)

Achats

2. Et gëtt dem Agent, den eng 5000 Schicht huet, nees erlaabt wärend senger Schicht op d’Tankstell eppes ze iesse sichen ze goen. Den Avis gëtt dementspriechent ëmgeännert.

Dépôt Luxembourg

3. Et gesäit e kee Besoin do fir iwwerhaapt nach e Plexiglas ze hunn, duerfir wäert och keen neien installéiert ginn.

4. Wann Schichte vum AO Luxembourg an AO Iechternach iwwertenee passe steet am Fong näischt am Wee op den alen Horaire em ze switchen. Do wäert an nächster zeit dru geschafft ginn.

5. Et wäerte keng gréisser Reparature mei virum groussen Ëmbau vun der Hal ënnerholl ginn, de Lamesch kennt reegelméisseg fir d’Funktionéiere vun de Sanitäranlagen ze garantéieren.

Dépôt d’Echternach

6. Um Site zu Iechternach krute mer confirméiert dass déi néidesch Reparature gemaach gi sinn an sech en Team Leader em de Site bekëmmert. Duerfir biede mir eis Agenten sech bei engem Problem direkt un en Team Leader ze wenden datt de Problem behuewe ka ginn.

7. An Zukunft soll méi berücksichtegt gi beim Fräischalte vum Plang, wou den Agent seng Prise de Service huet, a wou den Agent wunnt. Et ass natierlech net ëmmer méiglech all Agent do entgéint ze kommen duerch Konditioune, wou musse respektéiert ginn! Och do biede mir den Agent sech un säin Delegéierten ze wende wann et reegelméisseg virkennt.

Points ouverts

8. Wei mer elo matgedeelt kruten an der Chef de Service Sitzung géife räicht fix Tablette fir 80er an 90er Serie bestallt ginn, wann déi nei Busser do sinn, déi schonn eng fixe Tablette dran hunn an do alles klappt!

9. 2 mobile Backen si mëttlerweil och um Site zu Iechternach.

10. De Live Comptage vun de Passagéier ass bei den neie Moniteuren ze gesinn.

WICHTEG INFO

Testphase vum Tausche vun de Schichtlagen am Roulement 1 ass ofgeschloss! En Oktober gi Schichtlagen fräigeschalt an et kann een all Roulement ënnerteneen tausche, wa d’Konditiounen agehale ginn!

pour le SYPROLUX

Christian Weyer

Marco Figueiredo