Am September 2016 hu mir ons mat neie Statuten opgestallt an eng nei Ära zesummen mam SYPROLUX, huet fir Mobbing asbl ugefaangen, eng Ära déi positiv war, ass, an hoffentlech och positiv an Zukunft virun geet.
Nach eemol een grousse Merci soen ech un den SYPROLUX,fir dass sie mat op den Wee gaangen sin fir dén Neiufank ze woen.
2017
|
2018
|
|
Nouveaux Dossiers
|
201
|
215
|
Lettres aux employeurs
|
31
|
26
|
Entrevues employeurs
|
17
|
12
|
Demandes par l’employeur pour enquête externe
|
0
|
3
|
Semaines de maladie pour l’année
|
747,5
|
565
|
Semaines de maladie en moyenne
|
7,1
|
4,7
|
Pensées suicidaires
|
57
|
63
|
Tentatives de suicide
|
10
|
11
|
Dann hate mir dest Joer 2018, 6 Dossiers „Droit du travail“, déi eis haaptsächlech vun der ITM an de Syndikater gescheckt goufen.
46 Dossiéen vun dësem Joër sinn schon ofgeschloss.
Déi meescht RDVen kréie mir iwert den Internet eran, dann vun de Syndikater, der Famill, de Frënn an Aarbechtkolleegen.
Dest Joër hu mir och besser Kontakten mat den Entreprisen, an si froën eis fir Enquête extern an och fir Schulungen ze machen, wat fir ons och eng gutt Saach ass, well mir zenter kuerzem een Agrément hun, wou mir offiziell agedroen sin.
Daat wat lo nach feelt ass een Anti-Mobbing Gesetz, waat jo och schon an den Präparatiounen bis elo war mat onsem Minister de Tutelle, mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit an mat ons zesummen, an wou mir och als ASBL derhannert bleiwen beim neien Minister, wien daat och emmer get, mussen mir mol kucken, fir dass endlech een Anti-Mobbinggesetz do könnt.
Merci well ech soen virun allem onsem laangjärechen Minister de Tutelle Nicolas Schmit, well zenter 20 Joer, daat heescht zanter Oktober 1998 get Préventioun géint Mobbing op der Aarbecht gemaach, an die lescht Joeren dass den Nicolas Schmit onsen Minister de Tutelle war, ass et mat der Mobbing asbl nemmen Bierg op gaangen, well hien huet eis net nemmen déi finanziell Moyenen zougestaan mä och do wou hien konnt stung hien ons mat Root an Doot zur Sait, fir do ze sin wou mir haut stin, mä um Enn ukomm sin mir nach net, nach laang net, an dofir kann ech nemmen soen, onsen neien Minister de Tutelle, wann mir mol wëssen wien et ass, wäert och nach mat ons ze din kréien, an hoffentlech och esou eng positiv an erfollegreich Zesummenaarbecht mat ons hun.
Een groussen Merci och mengen Mataarbechterinen aus der Mobbing asbl, ech soen extra Mataarbechterinen well mir erföllen 100 % Fraenquot, well mir hun 5 Damen déi bei ons fest ugestallt sin. Sie leeschten eng ganz gutt an grouss Aarbecht ganz Joer iwer an duerfir un sie 5 een groussen MERCI.
Bénévoler hun mir am Moment keng méi als Konsultant‘en, waat awer net ausschléisst, dass wann Leit Interresse hun fir bei der Mobbing asbl eng Hand mat unzepaacken, déi sin gäeren wëllkomm.
Eebenfalls soen ech mengem Conseil d’adminstration, bestehend aus 13 Persounen, een groussen Merci fir die Präsenz ganz Joer iwer an dénen verschiddenen CA’en, fir die Décisiounen an och alt emol Diskussiounen déi do uleien, mä wou mir nach emmer eng Léisung am Fair-Play zesummen fonnt hun.
Villmols merci fir d‘Nolauschteren.
Manuel MULLENBACH