Madame Minister;
Här Präsident vum CFL-Verwaltungsrot;
Där Hären Administrateuren aus dem CFL-Verwaltungsrot;
Där Dammen an Hären Direkteren a Chefs de Service vun den CFL;
Kolleege vun der CGFP;
Vertrieder vun der Federatioun vun de Mutuellen an der CMCM;
Memberen a Personalvertrieder, Ersatzdelegéiert, Sympathisante vum SYPROLUX;
Léiw Alleguer

Fir unzefänken wënsche mir Iech alleguerten an ären Léifsten e schéint neit Joer. Datt alles esou leeft ewéi Der et Iech et wënscht. A virun allem wënschen mer Iech eng gutt Gesondheet, vill Gedold a Resilienz fir all kommend Erausfuerderungen, esou verschidden se och kenne sinn, ze meeschteren.

Et ass schéin an esou e gutt gefëllte Sall eran ze kucken. Mat ärer Präsenz éiert der eis an ënnersträicht d’Wichtegkeet vum SYPROLUX, der eenzeger autonomer an onofhängeger Eisebunnergewerkschaft zu Lëtzebuerg.

Och wa mer schonn voll a ganz am neie Joer stinn, ass et net verkéiert Vergaangenes Revue passéieren ze loosse fir och esou de Bléck fir dat wat kennt ze schäerfen.

Mat Bléck op déi geopolitesch Lag ronderëm eis, innerhalb den europäesche Grenze keen och iwwert déi eraus, sou stellt ee fest, datt Krich, Muechtusproch an Oppressioun ewéi d’Tentakele vun engem Oktopus ëm sech gräifen.

Et stellt een och fest, datt den Discours op europäeschem, an domat och op nationalem Plang, e Sproochgebrauch kennt, deen een eigentlech längst vergaangenen Zäiten zougeschriwwen huet. Well wéi vill vun eis hätte geduecht datt mer eng Kéier iwwer Schutz viru Cyberkrichsféierung, Defense Bonds oder Military Mobility géifen diskutéieren an debattéieren? Dat ass alles aneschters ewéi schéin, mee et ass eng Noutwendegkeet, well mer liewen net an enger Bubble ëmginn vun engem Schutzschëld, wou näischt kann un eis kommen.

A wa mer vu Sproochgebrauch schwätzen, musse mer feststellen datt 2025 hei zu Lëtzebuerg, et méi ewéi eng Kéier zu engem “High noon” koum, an d’Wuertgefechter mat Momenter zimmlech well erof gaange sinn.

Mee gutt, bei wëlle Schéissereien, kann et sinn, datt een sech um Enn selwer ofgeschoss huet. An ech ginn elo net weider op dem fréieren Aarbechtsminister seng Selbstdemontage vu virun enger Woch an. Mee ech wënschen deem neien Aarbechtsminister eng roueg Hand an Nerven ewéi Eisebunnsschinnen, well déi vun engem Tram halen do definitiv net duer. Zum Rentendossier just esou vill: aufgeschoben ist nicht aufgehoben! À court Terme komme mer net dolaanscht, ugefaangen Analyse weider ze féieren a weider no gangbaren Léisungen ze sichen. Do sti mer all als Acteure vun eiser Gesellschaft an der Verantwortung fir eise System esou ze gestalte fir datt e mat der néideger Resilienz weiderhi Bestand huet.

“Trounwiessel” war d’Wuert vum Joer 2025, op Plaz 2 koum den Terme “Sozialdialog”!

Sozialdialog ass an a fir sech eppes wat vill Pfleege, vill Opmierksamkeet a Fäingefill brauch. Et ass en Atout fir deen ee beneit gëtt. Sozialdialog geet Hand an Hand mat Vertrauen. Déi zwou Saachen zesumme geholl maachen, et zou eppes Zerbriechleches, zu engem Band wat een iwwer Joren ewech knäppt. Verspillt een d’Vertrauen, kappt een déi Bréck vum Sozialdialog, et stellt een a Fro wat ee gemeinsam als Sozialpartner erreecht huet an et hypothekéiert een Zesummenaarbecht fir d’Wuel vun de Kolleeginnen an de Kolleegen an engem Betrib.

Sozialdialog ass och keng Einbahnstrooss, wou déi eng Säit déi aner Säit mat hire Maximalfuerderunge well kleng kréien.

Nee, Sozialdialog ass sech op Aenhéicht begéinen, vun de selwechten Ausgangspunkte fortgoe fir sech an der Mëtt ze begéinen an dat nennt ee Kompromëss. An dat eis Verantwortung als Sozialpartner am CFL-Betrib.

An déi Verantwortung hunn mer als SYPROLUX 2025 ganz kloer ënner Beweis gestallt. An engem Moment, wou anerer aus der Hëft geschoss hunn, fir sech eleng entscheet hunn de Sozialdialog bei der Eisebunn wär dout, ouni Plang, mee duerfir mat villen falsche Behaaptungen Onrou an Zwist an de Betrib bruecht hunn, si mer als SYPROLUX standhaft bliwwen. Mer hunn e kale Kapp behalen a sinn net vum Verhandlungsdësch opgestanen, well fir eis war et kruzial all déi Dossier’en, déi dee Moment do loungen, zum Wuel vun de Kolleeginnen a Kolleegen am Betrib ofzeschléissen.

An haut hunn en adaptéierten 3 Schichtensystem, deen de Besoin’en ënner anerem vun eise Fahrdienstleiter Rechnung dréit, an deen net méi op verkierzte Rouzäite baséiert.

An haut hu mer d’Reegelwierk fir eng kloer strukturéiert Astreinte. An mer hunn et faerdeg bruecht, datt d’Astreinte zu der Aarbechtszäit gezielt gëtt an datt eis Kolleeginnen a Kolleegen op der Astreinte 10 Stonnen onënnerbrache Rouzäit hunn.

Alleng mat deenen 2 Punkten hu mer eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen a vun der Sécherheet op der Aarbechtsplaz erzielt.

An haut hu mer eng Prime opérationnelle, iwwert déi mer konnten déi negativ Entwécklung vun der Reform vun 2015 deelweis offiederen. Mat der Primm an engem Mechanissem vum Ausgläich an Deckelung fir Agenten, déi virun 2015 agestallt goufen, gëtt des Prime un eppes méi ewéi 1100 Leit ausbezuelt.

An all dës Punkten hu mer schwaarz op wäiss an eisem Memorandum of understanding stoen, dee mer als SYPROLUX mat CFL-Direktioun de 06/06/2025 ënnerschriwwen an am Kader vun der Personalvertriedung am Betrib ëmgesat hunn. Ouni Gebläers an Zodi, mee duerfir mat kloren Argumenter a Verhandlungsgeschéck.

Et war keng einfach Zäit, net am Betrib, och net SYPROLUX intern. An och eis Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Service Bus hunn e stiermescht Joer hannert sech. An nawell sinn och Sie nees bei hirer Obregkeet virstelleg ginn, fir d’Aarbechtszäiten an d’Roulement souwuel fir déi agedeelten Agenten ewéi och fir d’Reservisten ze verbesseren. An duerch hier Asaz an hier Ausdauer an hiert oppent a respektvoll Virspriechen bei der Obregkeet konnte Sie Verbesserungen erzielen.

Jo, et huet misse vill erkläert ginn, diskutéiert ginn, ëmmer an ëmmer erëm. Mer sinn duerch de Stuerm gaangen, mer hunn eis als SYPROLUX behaapt a mer hunn eis Linn duerchgezunn.

An dat war et der wäert!

A mer brauche keen, kee rouden a kee gréngen, deen eis d’Gewerkschaftsaarbecht an de Sozialdialog op der Eisebunn well erklären. Eis positiv Verhandlungsresultater schwätze fir sech.

An engem Sozialdialog gëtt een sech och d’Wuert fir weider Dossier’en zesummen unzegoen. A fir eis ass e Wuert e Wuert. An duerfir hu mer eis als SYPROLUX, aus eisem Memorandum of understanding eraus, zesumme mat der CFL-Direktioun dozou verpflicht eis mam Verlaf vun eise Karriären, den Examensprozeduren an der berufflecher Entwécklung innerhalb vun eise Laufbahnen auseneen ze setzen.

An eisen Aen, muss d’CFL sech verstäerkt em d’Fideliséierung vun den Eisebunnerinnen an Eisebunner këmmeren. Och dat dréit dozou bäi, dass eng CFL hier Attraktivitéit als Employeur ënnermauert. A fir een ze fideliséieren, muss een engem Perspektive fir eng berufflech Weiderentwécklung ubidden. Berufflech Weiderentwécklung ass en Zeeche vun Unerkennung a Valoriséierung. Den Eisebunner muss sech gesinn, unerkannt a valoriséiert spieren. E muss unerkannt ginn als e wichtegen Deel vum Betrib, deem seng Kompetenz an säin Asaz fir de Betrib zielen.

• Als SYPROLUX sti mer fir e fairen Zougang zu de Promotiouns-a Laufbahnexamen;

• mer fuerderen transparent Krittären a gutt strukturéiert Programmer op deenen Examen opgebaut sinn;

• Als SYPROLUX sti mer fir d’Unerkennung vum Handwierk;

• Mer fuerderen duerfir d’Aféiere vun Eisebunnsrelevanten “filières spécialisées” am Beräich vun der Maintenance vun eisem Rullmaterial;

• Mer fuerderen d’Unerkennung vun der Meeschterprüfung an Eisebunns relevante Beruffer.

Mat Bléck op déi verstäerkten Digitaliséierung vun eiser Aarbechtswelt, dem Asetze vu kënschtlecher Intelligenz, der Aféierung vun ëmmer nees neien Technologië besteet net nëmme weider Handlungsbedarf bei den Astellungen, mee virun allem och un der Weiderbildung vun de Leit am Betrib. Eng Eisebunn kann sech et net erlaben, Leit net mat op den Zuch vun der Digitaliséierung matzehuelen. Duerfir muss een awer och Zäit, Gedold, mënschlech Ressourcen a gutt ausgeschaffte Formatiounspläng hunn.

2026 wäert un éischter Stell awer am Zeeche vun der Commission paritaire stoen. D’Commission paritaire ass déi Instanz, déi sech mat der Transpositioun vu Gesetzesännerungen am Statut vum Staatsbeamten eriwwer an eisen CFL-Personalstatut befaasst. Fir eng kommend Commission paritaire musse mer Upassunge ronderëm eng ganz Partie vun eisen OG virleeën, am Beräich Congé’en, Aarbechtsbestëmmungen, Personalvertriedung, Changement de carrière, intern Mobilitéit, Mesures disciplinaires. Dës Adaptatioune ginn dann op den Instanzewee bruecht fir dann 

iwwert e Règlement grand-ducal an eisem Personalstatut aktéiert ze ginn.

Deemno schonn en zimmlech grousse Plat, dee mer do op der Lee leien hunn. Mer hoffen awer, an elo kucken ech op Iech Här Lickes, als Président vun der Commission Paritaire, dass mer 2026 deen Dossier gedréint kréien.

Weider op eiser To Do Lescht steet d’Refonte vun eise Bestëmmungen zu der “culture juste” an de mesures disciplinaires. Och do ware mer eis als Sozialpartner mat der Direktioun eens, dat mer dee Prozess musse méi kloer strukturéieren a mei Wäert op den Deel vun der Enquête leeën. Des Weideren ass eis dru geleeën de Volet vun der culture juste méi kloer ze definéieren, well mer “nach wie vor” der Meenung sinn, datt mer nëmme weider kommen an eiser Sécherheetskultur, wa mer op der anerer Säit den droit à l’erreur unerkennen.

Mer si fir Sensibiliséierung a Verbesserungsmesuren, esouwuel a punkto Verhalen an engem Aarbechtsëmfeld, ewéi a punkto techneschem a reglementaresche Wëssen, amplaz vu Repressioun duerch eng réng Strofkultur, déi ausser Mësstrauen, weder dem Agent nach dem Betrib eppes bréngt.

An ech betounen op en Neits, datt mer als SYPROLUX net dofir sinn, all Eisebunner e Persilschäin auszestellen an him all Responsabilitéit ofzeerkennen. Ganz am Géigendeel, mer bleiwen dobäi: jidderee muss op sengem Niveau fir säi Beräich Verantwortung iwwerhuelen. Jidderee vun eis muss sech bewosst sinn, datt säin Handelen ëmmer Konsequenze mat sech zitt, op elo positiv oder negativ sief elo mol dohi gestallt.

E weidere Punkt, wou mer hoffen, datt mer 2026 weiderkommen, läit am Beräich vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport.

An zwar geet et em den “outrage à agent”.

Eis Leit dobaussen um Terrain, déi am direkte Kontakt mam Client stinn, erbréngen eng ëffentlech Déngschtleeschtung. An der Ausübung vun hirer Missioun verdéngen se net nëmmen deen néidege Respekt, mee virun allem deen néidege Schutz um legale Plang am Fall vun engem Iwwergrëff. Duerfir fuerdere mer weiderhin, datt dëst Reegelwierk och fir Eisebunner ugewant gëtt.

Gewalt ass keen Deel vun eiser Aarbecht. Mee leider schwätzen d’Zuelen eng aner Sprooch. Am Kader vun enger Ëmfro, déi säitens der Europäescher Transportaarbechterfederatioun lancéiert gouf, konnte mer feststellen, datt 64% vun de befroten Eisebunnerinnen an Eisebunner zu Lëtzebuerg uginn hunn, Gewalt oder Belästegung op hirer Aarbechtsplaz erlieft ze hunn. 57% vun de Befroten hunn de Client als Auteur uginn.

An och wa statistesch gekuckt am Verhältnis zu ëmmer méi Reesender, den Taux de fréquence an den Taux de gravité erofginn, esou ännert dat näischt drun, datt all Iwwergrëff, op physesch oder verbal, eng Gewaltdot ze vill ass. Erschreckend dobäi ass, datt d’Fäll vun “harcèlement sexuel” sech laut den Zuelen, déi de Service SE am Comité de pilotage sûreté virgestallt huet, vun 2024 op 2025 verdräifacht hunn. Mer kennen an däerfen esou Resultater net ignoréieren oder relativéieren. Mee mer mussen se eescht huelen.

Gewalt féiert net nëmmen zu kierperleche Blessuren. Oft sinn et déi psychesch Blessen, déi vill méi déif sinn, a vill manner verheelen. Freet ee betraffen Agenten, wat Gewalt op der Aarbechtsplaz mat hinne gemaach huet, héiert ee Wierder ewéi Angscht, Demotivatioun, Hëlleflosegkeet, Roserei, Verloscht vu Selbstvertrauen a Selbstwäertgefill.

Esou Aussoe musse mer och eescht huelen, an aus deem Grond, poche mer drop, datt eng Aggressioun op der Aarbechtsplaz als Aarbechtsakzident unerkannt gëtt an dat och ouni lésion corporelle. Mer wäerten als SYPROLUX op en Neits bei der zoustänneger Ministesch virspriechen.

De Phänomen vun der Gewalt am Transport fanne mer queesch duerch Europa. Aus deem Grond hu mer als SYPROLUX eis aktiv zesumme mat de Kolleeginnen a Kolleegen vun der ETF staark gemaach, dat am gemeinsamen Aarbechtsprogramm 2026-27 mat der CER (communauté européenne du rail) am Kader vum europäesche Sozialdialog de Punkt vum Schutz vun den Eisebunnerinnen an Eisebunner viru Gewalt duerch Drëtter opgeholl ginn ass.

Virun 2 Joer ware mer op der Sich no eiser Ministesch. An mer haten do awer och keng Méi gescheit. Ech ka mer virstellen, datt den Här Mischo léiwer eng Vermësstenanzeig zu senger Persoun gelies hätt, ewéi dee Bréif vun der Front, also déier neier Gewerkschaftsfront. Et deet mer leed et ass heiansdo méi staark ewéi ech…

D’lescht Joer konnt ech du soen, datt mer eis Ministesch fonnt haten, an do hu mer se awer och net méi aus den Ae gelooss. Mee Geck an den Eck, mer sin frou iwwert déi konstruktiv Zesummenaarbecht mat eiser Ministesch. A mat den Häre Jean-Paul Lickes a Raphaël Zumsteeg vun der Direction transport ferroviaire, hu mer der 2, bei deene mer en oppent Ouer fannen, wa mer et brauchen.

Jo, an dëst Joer kann ech nach eng drop leeën, wéi der a menger Begréissung héieren hutt, eis Ministre de Tutelle, d’Madamm Yuriko Backes ass den Owend bei eis a mer freeën eis drop vun hier nach e puer Wuert ze héieren.

Där Dammen an Hären, Kolleeginnen a Kolleegen där héiert:

D’Aarbecht geet eis net aus, an:

• Gewerkschaftsaarbecht ass e Marathon a kee Sprint;

• Gewerkschaftsaarbecht ass d’Verdeedegung, den Erhalt an d’Stäerkung vum Sozialdialog;

• Gewerkschaftsaarbecht bedeit den Iwwerbléck ze behalen a standhaft ze bleiwen;

• Gewerkschaftsaarbecht heescht e verlässlechen, éierlechen a faire Partner ze sinn;

• Gewerkschaftsaarbecht bedeit fir d’Sécherheet, d’Gesondheet an d’Interesse vun der Beleegschaft anzetrieden;

• Gewerkschaftsaarbecht bedeit awer virun allem, d’Solidaritéit oprecht z’erhalen. Solidaritéit innerhalb an tëschent Beruffsgruppen am Betrib, Solidaritéit vun enger Direktioun vis-à-vis vun der Beleegschaft;

• Solidaritéit ass eng Prämisse fir e gesond a séchert Zesummeliewen, Zesummeschaffen an zesumme Weiderkommen.

Als SYPROLUX sti mer zu eiser Verantwortung Als SYPROLUX sti mer zu eisem Wuert,

Esou si mer an esou wëlle mer di kommend Erausfuerderunge meeschteren am Interesse vun de schaffende Leit.

Fir ofzeschléissen, wéilt ech Iech nach e puer Zeile vum Jacques Brel mat op de Wee ginn: An deem Sënn:

Je vous souhaite des rêves à n’en plus finir et l’envie furieuse d’en réaliser quelques uns.

Je vous souhaite d’aimer ce qu’il faut aimer et d’oublier ce qu’il faut oublier.

Je vous souhaite des passions. Je vous souhaite des silences.

Je vous souhaite des chants d’oiseaux au réveil et des rires d’enfants.

Je vous souhaite de respecter les différences des autres, parce que le mérite et la valeur de chacun sont souvent à découvrir.

Je vous souhaite de résister à l’enlisement, à l’indifférence et aux vertus négatives de notre époque.

Je vous souhaite enfin de ne jamais renoncer à la recherche, à l’aventure. à la vie, à l’amour, car la vie est une magnifique aventure et nul de raisonnable ne doit y renoncer sans livrer une rude bataille.

Je vous souhaite surtout d’être vous, fier de l’être et heureux, car le bonheur est notre destin véritable.

 

Nach eng Kéier alles Guddes am neie Joer, eng gutt Gesondheet an Nerven ewéi Eisebunnsschinnen! Prost, op eis!

Mylène Bianchy