Mer fuerderen eng fair a gerecht Rentena Pensiounsreform
De SYPROLUX huet den 02. Juni 2025 op Invitatioun vun der Staatsbeamtengewerkschaft CGFP un enger Sitzung vun der conférence des comités deelgeholl. Thema vun déier Sitzung war, di geplangten Renten- a Pensiounsreform vun der Regierung. Dëst waert eng Reform ginn, déi och eis als Eisebunner an Eisebunnerinnen waert betreffen. Dës Reform waert en Impakt och op den ëffentlechen Secteur hunn, genau esou wéi och op den Iwwergangsregime.
Duerch eis Assimilatioun zur Fonction Publique iwwert eise Personalstatut, sinn d’Eisebunner an d’Eisebunnerinnen en Deel vum ëffentlechen Secteur. Aus deem Grond hu mer als SYPROLUX an de vergangenen Joeren verstärkt Kontakter zu enger CGFP an och enger FGFC (fir de Beräich Bus) opgebaut an verstärkt.
No der Ried zu der Lag vun der Natioun ass de Moment komm, wou et wichteg ass en Zeechen ze setzen an der Regierung géigeniwwer ze weisen, datt mer keng Reform akzeptéieren, déi vun uewen erof diktéiert gëtt, datt Diskussioun mat de Sozialpartner kontrovers soll gefouert ginn an Géigevirschléi gehéiert an analyséiert ginn.
Aus deem Grond solidariséieren mer eis als SYPROLUX mat der CGFP.
Als SYPROLUX ënnerstëtzte mer d’CGFP an hierem Bestriewen no engem kontroversen, mee Léisungs orientéierten Sozialdialog mat der Regierung.
Als SYPROLUX trieden mer an fir eng gerecht Renten- a Pensiounsreform och am ëffentlechen Secteur.
Duerfir ruffen mer eis Leit op de 25. Juni um 13:30 Auer virun d’Chambre des Députés ze kommen.