IG 15: Astreinte - Wou si mer drunn?

No enger Rei vun Informatiounsversammlungen ënnert der Leedung vum RH-Direkter, ass den Delegéierten aus der Zentraldelegatioun (DC) am Dezember eng weider Propose virgeluecht ginn.
Dës Propose beinhalt schonn e Plus par Rapport zum initiale Virschlag.

Als SYPROLUX hu mer d’Propose vum Dezember analyséiert a sinn zu Conclusioun komm, datt mer géifen eng Géigepropose maachen.

Den 22/02/2023 hu mer dunn mat eise Personaldelegéierten a Kolleege vum Terrain aus alle Sparten, déi mat Planung, mat Organisatioun ze dinn hunn an Astreinte maachen, zesummen dës Géigepropose diskutéiert an nach weider Aspekter afléisse gelooss.

Den 01/03/2023 hunn d’SYPROLUX-Delegéiert dee selwechten Exercice nach eng Kéier mat den MI-Personalvertrieder vum Landesverband gemaach.

Dës Géigepropose gouf dunn och dem President vun der DC an de Responsabele vum RH weidergeleet.

Den 09/03/2023 ass di Propose am “Comité de Suivi Réglementation RH”, déi vum President vun der DC an Textform ëmgewandelt gouf, dem RH-Direkter a senge Responsabelen aus dem Service RH, erläutert ginn.

Datt do nach zéi Verhandlunge virun eis leien, ass eis bewosst. Et ass och net verwonnerlech, datt verschidden Aspekter vun der SYPROLUX-Géigepropose op wéineg Géigeléift gestouss sinn beim RH.

Déi Fuerderungen erfëllen awer d’Ziler, déi mer eis als Sozialpartner gesat hunn:
• méi Sécherheet fir d’Mataarbechter duerch eng festgeluechten Stonnenzuel u Repos op 24 Stonnen,
• d’Unerkennung vun der Pénibilitéit vun engem Service Astreinte, deen eng kloer Aschränkung vum Privatliewen vum Agent bedeit,
• e Plus un Attraktivitéit fir d’Astreinte,
• d’Fërderung vum Wuelbefannen vum Agent op der Aarbechtsplaz.

Mer sinn eis och vollends bewosst, datt dëst en Dossier ass, wou immens komplex ass, an d’Iwwerléeungen an den Kontext vun dem Erstellen vun den Tableaux de Service musse passen. Trotzdeem ass et vu grousser Wichtegkeet am Dossier vun der Astreinte net nëmmen d’Flexibilitéit vun de Leit am Bléck ze hunn, mee och hier Sécherheet an d’Contrainte vun enger Astreinte.

Aus Grënn vun Transparenz an Informatioun hu mer am folgenden Tableau d’Proposë vum RH an eis Fuerderungen opgelëscht.

Lëtzebuerg, den 13. Mäerz 2023
Fir de SYPROLUX
Mylène Bianchy, Fraenz Duhr