Kolleegen a Kolleeginnen mir sinn eis bewosst, dass mir de Moment an enger ganz schwiereger an onsécherer Zäit sinn.

Vill Froen ginn jidderengem vun eis duerch de Kapp. Duerfir ass et eis wichteg Iech alleguerte folgend Punkte matzedeelen:

• et gëtt de Moment nach kéng kloer Prozedur zur Kontroll vum «3G» CovidCheck bei den CFL, deen den 15/1/2022 wäert ulafen. Als SYPROLUX wëlle mir awer zesumme mat der Obregkeet séier, ugepassten an ëmsetzbar Reegele fannen;

• deen Agent, dee sech net un den «3G» hält, gëtt net entlooss, an déi sou genannten «mesures disciplinaires envisageables», bedeite bei eis d’Uwendung vum neien OG10, an do steet d’Culture juste am Viirdergrond. Eise System ass net mat deem vum Staat ze vergläichen, well deen a punkto Sanktiounen anescht opgebaut ass. Déi kennen z.b. net de «recadrage», ewéi mir op der Bunn;

• als SYPROLUX fuerdere mer awer nach eng Kéier d’Méiglechkeet, Schnelltester am Betrib kënnen zertifiéiert ze kréien, besonnesch fir eis Leit, déi op Schichte schaffen;

• als SYPROLUX verurteele mer op d’schäerfst déi Evenementer, déi de 04. Dezember 2021 an der Staat passéiert sinn;

• als SYPROLUX sti mir fir Meenungsfräiheet. Awer Vandalismus, Volleksvertrieder a Journalisten oder soss Matbierger ze bedreeën, gehéieren net zur Fräiheet. Dat si Strofdoten;

• als SYPROLUX wëlle mir no gangbare Léisunge sichen, mä op kee Fall wäerte mir eis vun enger Minoritéit instrumentaliséiere loossen;

• als SYPROLUX maache mir dofir den Appell un all déi concernéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter op der Bunn, d’Offer vun der Impfung elo wouer ze huelen;

Bedenken, Froen an Ängscht ka jidderee vun eis hunn, awer déi mannste vun eis si Wëssenschaftler oder Virolog. Duerfir solle mir hinnen dat Vertraue schenken, wat si verdéngt hunn. Zesumme mat de Medezinner an dem Fleegepersonal stinn sinn un éischter Front a schaffe fir eis Gesondheet. Eng Regierung huet d’Flicht fir d’Santé publique ze schützen an dat ka bedeiten, onbequem Moossname virzeschloen, vum Staatsrot nokucken ze loossen a vum Parlament, vun de Volleksvertrieder, déi mir als Bierger vum Land gewielt hunn, stemmen ze loossen: Dat ass de Prinzip vum Rechtsstaat. An dee Rechtsstaat gëllt et, ze verdeedegen, well hien ass de Garant fir déi vill erbäi gejauten a gegrölte Fräiheet.

Steve Watgen Mylène Bianchy Fränz Duhr Frank Dumont Paul Gries Jean-Paul Schmitz
Generalsekretär Présidentin vum SYPROLUX 1. Vize-Président Generalsekretär adj. SYPROLUXImmo Éireprésident vum SYPROLUX