Léif Mataarbechterinnen an Mataarbechter

Di aktuell Lag vun der Covid-19 Pandémie gëtt eis staark ze denken. Mer sinn besuergt ëm d'Sécherheet vun der Gesondheet vun all Eenzelen vun eis, an och iwwert d'Oprechterhalen vun enger gudder Organisatioun vun eisem Betrib.

D'Impfung géint den Covid-19 Virus reduzéiert ganz staark de Risiko vun enger Infektioun a virun allem awer schützt se géint e schwéieren Verlaf am Fall vun enger Erkrankung. Dëst hu mer op e Neits vun eisen internen Expert'en aus dem CFL-Gesondheetszenter bestätegt kritt. D'Impfung hëlleft Liewen ze retten.

 

An deier Optik si mer der Meenung, dass et elo de Moment ass, wou jidder Concernéierten soll d'Offer ergräifen fir sech impfen ze loossen oder de "Booster" ze maachen, fir esou säin Impfschutz opzefrëschen. Dëst ass eng reell Méiglechkeet fir en zukünftegen Impakt vum Virus op eiser aller Gesondheet an op eise Betrib ze limitéieren.

 

D'Regierung huet annoncéiert, dass ab Januar 2022 den Regime vum CovidCheck "3G" obligatoresch an de Betriber get – eng Mesure déi en zousätzlechen Schutz wärt bidden.

Wat den Impftaux an eisem Betrib zu deem Moment méi héich ass, wat den CovidCheck "3G" sech besser wäert an der Praxis ëmsetzen loossen.

D'Kontroll vun der Ëmsetzung vun dëser nationaler sanitärer Mesure bei den CFL muss mat der néideger Rigueur kontrolléiert ginn. Gin d'Konditiounen vum "3G" net erfëllt, bedeit dëst eng Infraktioun géint déi geltend sanitär Consigne, wat gegebenfalls disziplinaresch Mesuren kann zur Konsequenz hun.Am Fall vun enger Zougangsverweigerung duerch ongültege CovidCheck gëtt déi geplangten Aarbechtszäit net als Arbechtszäit gezielt, mee als «absence non-rémunérée» verbucht.

Mat dëser Entscheedung vun der Regierung, hunn mer all zesummen eng gemeinsam Responsabilitéit fir de Schutz vun eiser Gesondheet a fir de gudden Oflaf vun eisem Betrib. 

 

Duerfir ruffen mer all eis betraffen Mataarbechterinnen a Mataarbechter dozou op, eng vun deenen villen Méiglechkeeten sech impfen ze loossen wouer ze huelen.

Am Kader vun der impfwoch wärten ‘Eischtimpfungen vum 6.12 bis 9.12 an der Gare Lëtzebuerg méiglech sin, jeweils vun 7h00 bis 13h00. Fir « Booster » impfungen ass d’invitatioun vum Gersondheetsministère ze présentéieren.

 

Ennerschriwwe vun:

 

Mylène Bianchy           Georges Merenz           Patrick Vansteenkiste     Yves Baden          Marc Wengler

Présidentin vum           Président vum              Président vun der            Directeur RH        Directeur Général

Syprolux                       Landesverband             Délégation Centrale        et Organisation