Workshop roulement 2020


Den 11. Abrëll 2019 haten sech Direktioun vum AV zu engem Workshop getraff, vir an iwert den Fahrplan/Roulement 2020 ze schwätzen. Vir den SYPROLUX präsent waren den Eric Wengler an den Sven Laschette.

1. FAHRPLAN 2020

LINN 10

  • Ufank vum Schantjen Gare Miersch an wieder Aarbechten an der Gare Ettelbréck
  • Transversale Lonkech - Lëtzebuerg- Miersch fält komplett ewech
  • Bis den 15.09.2020 fiert RB3523 nëmmen bis Ettelbréck, RB3629 huet säin Depart zu EB.
  • All Zuch kritt zu EB an M 30 Sekonnen Reserve agesat
LINN 30
  • Schantjen Waasserbëlleg geet un,
    Trafic iwwer Gleiser 2+3. Gleiser 101+109 falen fort
  • Eegleisegkeet Ausfaart/Afaart Waasser-bëlleg Richtung Lëtzebuerg an Igel
  • Nei Relatioun Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier-Wittlich. Insgesamt elo 3 Zich pro Stonn Richtung Waasserbëlleg (RE11, RB30 an RB83). Zich vir op Wittlich (RB83) ginn vun Lëtzebuerger PAT bis Waasserbëlleg gefuer, wou den DB KIN ofléist.
  • Transversale Waasserbëlleg-Lëtzebuerg-Péiteng fält ewech.

LINN 50

  • Praktesch onverännerten Fahrplan, liicht Ännerungen bei Abfahrts an Ankunftszäiten.
  • Op der Relatioun Lëtzebuerg-Liers sollen Motricen DESIRO ML vun der SNCB agesat ginn. Hänkt vun der
    Homologatioun of.

LINN 60

  • Transversale Waasserbëlleg-Lëtzebuerg-Péiteng fällt ewech, dofir nei Relatioun Péiteng - Lëtzebuerg -Dummeldeng
  • Trafic Rodange-Virton fält ewech, Reesender fueren mat SNCB op Athus an klammen do em.
  • Propositounen: RE60 Terminus Péiteng ampatz Rodange an RB60 Terminus Nidderkuer (à voir)

LINN 70

  • Transversale Lonkech - Lëtzebuerg - Miersch fält ewech.
  • 02.03.-30.08.2020 RB Athus: Terminus Rodange wéinst Schantjen Terminal Athus.
  • Ufank Schantjen Gare Rodange.

2. PRESENTATIOUN ROULEMENT 2020


LU1 SNCB

  • Verschidden Repos (R) verréckelt,3 DISPO-Touren dobäi komm.
  • Prozentsaz Nuetsschichten vun 3,2% op 2,7% gefall
  • 5 Wochen à 7 Schichten (Wochen 5/6, 17, 20, 35, 42)

LU2 SNCF

  • Verschidden Repos (R) verréckelt, 3 DISPO-touren duerch Touren ersat
  • Prozentsaz Nuetsschichten läit bei 4,3%

LU3 DB

  • Verschidden Repos (R) verréckelt, 4 DISPO-Touren
  • 2 Wochen am Roulement dobäi komm (Wochen 43 + 44)
  • Prozentsaz Nuetsschichten vun 7,1% op 7,3% eropgaangen

ROULEMENT EB + TV

  • EB: Eng DISPO ersat duerch eng Tour, Woch 9 Donneschdes
  • TV: Verschidden Repos an DISPO verréckelt oder getosch (Woch 4-6,10,12,15,16)

ROULEMENT PT + BT

  • PT: 1 Woch am Roulement dobäi komm (Woch 22)
  • PT: Verschidden Repos an Transitiounen (T) verréckelt
  • PT: Nei Dagesschicht PT9 (10h38-18h09)
  • PT: Prozentsaz Nuetsschichten vun 11,4% op 10.9% gefall
  • BT: Onverännert

3. PROJET ETCS

Madame Scheuren huet eis den Projet vum ETCS op der Linn 10 virgestallt. 2020 soll eng Testphase tëscht Luerenzweiler an Bierden gestart ginn. Signaler sollen dann nëmmen nach beim Mecano um ETCS-Bildschierm ugewisen ginn an déi sinn och maassgebend. Een sougenannten SFA soll awer op verschidden Garen opgestallt ginn, genau sou wéi en SFI vir den PAT vir den Fall wou een sou en SFA net gesäit. Den SFI ass awer net als sécherheetsrelevant unzegesinn, mee als Informatioun. Mir begréissen natierlech den Fortschrëtt bei der CFL, mee maachen eis Gedanken em den PAT seng Missioun a punkto „Double Observation“ wat Signaler kucken ugeet.


4. ABFERTIGUNG DB

Ab Fahrplanwiessel 2019 fält um Netz vun der DB d´Abfertigungsprodzedur vir den PAT ewech. A punkto Sécherheet en groussen Réckschrëtt. Dëst ass op Reegelwierk vum EBA an DB zréckzeféieren.

5. INTERNEN WIESSEL

Den Delegéierten vum Verband huet proposéiert, dat een PAT eréischt no 7,5 Joer Dingschtzugehöregkeet dierft eng Demande maachen vir intern ze wiesselen, aktuell sinn et 5 Joer. Mir als SYPROLUX weisen eis schockéiert iwwert des Propose an stinn zu deenen 5 Joer. Natierlech war Direktioun iwwert des Propose méi wéi frou an huet souguer 10 Joer virgeschloen. Mir fannen dat sech dat net vir en Personalvertrieder gehéiert an soen just: „Hinsetzen, 6!“


Eric Wengler, Sven Laschette