Vun zentraler Wichtegkeet ass virun allem de Bau vun zwee neie Quaien op der Stater Gare. Si maachen et méiglech, datt viraussiichtlech vun 2022 un déi sechs national Lignë jiddereng hire feste Quai kritt. De Marc Wengler weist sech iwwerzeegt, datt dat en "däitleche Qualitéitssprong" géif bedeiten. Haut wier et nämlech esou, datt all klenge Problem op enger Zuchlinn Repercussioune bis op d'Stater Gare hätt, an dat hätt da Repercussiounen op déi aner Linnen. "An et entsteet esou een Dominoeffekt", seet de Marc Wengler.

D'CFL huet sech och chiffréiert Ziler gi fir bis 2024 d'Pénktlechkeet ze verbesseren an d'Zuel vun Zuchausfäll däitlech ze reduzéieren: et soll dofir gesuergt ginn, datt op kee Fall manner wéi 92 Prozent vun den Zich zur Zäit sinn (haut sinn et 89 Prozent) - an dass op kee Fall méi wéi ee Prozent vun den Zich ausfält (2018 waren et bal 2 Prozent).

Dem Wuesstum gerecht ginn

Fir dem Wuesstum vun der Bevëlkerung gerecht ze ginn, hätt d'CFL e Plang ausgeschafft, fir datt den ëffentlechen Transport attraktiv ze maachen. Dëse Plang géif op enger Croissance vun dräi bis fënnef Prozent vun de Reesender baséieren. "Dat ass awer eng Hypothees, déi baséiert op deem, wat mir déi lescht zéng Joer erlieft hunn."

Déi lescht zéng Joer hätt et eng gutt Konjunktur ginn, de Marc Wengler geet also dovunner aus, datt d'Prognos net schlecht wier. Am Dezember huet d'CFL 34 nei Zich bestallt. Dës géif 46 Prozent méi Capacitéit bedeiten, seet de Generaldirekter vun der CFL, an et hätt een awer nach weider Optiounen an deem Kontrakt.

Kooperatioun mat der Police

Gutt zwou Wochen nodeems zwee CFL-Agenten nuets vu Jugendlechen op der Gare zu Éiter zerschloe gi sinn, wieren déi Concernéiert zwar net méi am Spidol, mee nach ëmmer am Krankeschäin. D'Tatsaach, datt de François Bausch, deen als Minister jo souwuel fir Mobilitéit wéi fir bannenzeg Sécherheet zoustänneg ass, iwwer d'Utilitéit an d'Machbarkeet vun enger Police-Unitéit fir den ëffentlechen Transport nodenkt, begréisst de Marc Wengler:

"Natierlech si mer frou iwwer esou eng Initiativ. Entretemps schaffe mir och scho vill mat der Police zesummen. Dat sinn zwar da vläicht éischter punktuell Initiativen, deelweis och grenziwwerschreidend. Mir hu jo eng Hellewull vun Dispositiounen déi lescht Jore geholl, vun Initiativen: dat geet vu Kamerae bis Sécherheetspersonal, wat mir jo och selwer verstäerkt hunn an den Zich an an de Garen. Dat geet iwwer d'Beliichtung fir verschidden donkel Ecken ze vermeiden, Formatioun vum Personal ... do si ganz vill Saache gemaach ginn. Eng vun deene Saachen ass eng reegelméisseg Concertatioun mat de Police-Responsabelen. An dat dote kann nëmmen eng gutt Iddi sinn."


Lauschteren