Kolleegen a Kolleeginnen
Mëttlerweil si mer um 9. Dag vun der Covid-19 Quarantaine hei am Land ukomm. Mer erliewen a liewe mat enger Sanitär-Krise. Munch Politiker schwätze vun enger Krichssituatioun. D’Leit mutéieren zu Hamsterkeef, d’Supermarchéë gi net fäerdeg mat Wuer anzetässelen an ze berouegen, dass fir jiddereen eppes do ass. Ee Pressebriefing jot deen aneren. Op der Telé gesinn an héiere mer, wéi d’Land op e medezineschen Ausnamezoustand virbereet gëtt. D’Lëtzebuerger Regierung huet den nationalen Noutstand ausgeruff. Alles Ëmstänn, déi eis nach bis viru Kuerzem total friem waren.


Fonction essentielle
An dee Géigner, deen eis a Schach hält, gesi mer net an dach ass en omnipresent all Stonn, all Dag. A mat him geet Suerg an Onrou ëm. D’Suerg ëm eis Léifste ronderëm eis. An do besonnesch eis Elteren a Grousselteren, déi zu deene schwächsten an dëser Krise zielen. Onrou ëm eis selwer, déi am ëffentlechen Transport, engem Secteur schaffen, deen zu de Fonctions essentielles vun dësem Land zielt. Trotz all de Moossnamen, déi getraff goufe fir e Minimum u Leit dobausse mussen zirkuléieren ze loossen, ass et fundamental d’Busser, den Tram a virun allem den Zuch weiderfueren ze loossen. Des Weideren ass et och kruzial, dass dobaussen op eisem Schinnenetz all néidegen a virun allem sécherheetsrelevanten Entretien weider gemaach gëtt. An zu Lescht, ass eng professionell Ofwécklung vun eisem Zuchtrafic vun eise Fahrdienstleiter onverzichtbar.


Sécherheet a Schutz vun all Eenzelen
Fir eis als SYPROLUX ass d’Sécherheet an de Schutz vun all Eenzele vun iech dat Wichtegst. Aus deem Grond sti mer a permanentem Kontakt mat der CFL-Direktioun, mer ënnerstëtzen all Moossnam a Saachen Télétravail, Dispense de travail an Opdeelung vun Aarbechten. Des Weidere mécht d’CFL-Direktioun hiert Méiglechst fir Desinfizéierungsmaterial ënnert d’Leit ze kréien.

Kommunikatioun
An dëser Zäit vu Krise ass och d’Informatioun vun de Leit vu grousser Bedeitung. Mat welcher Fro soll een sech u wien wenden? Wéi geet weider? Wat kënnt nach? Wéi laang? Alles Froen, déi engem duerch de Kapp ginn. Aus dem Grond hu mer eis als SYPROLUX engagéiert, all Informatioune vun der CFL och iwwert eis Kanäl weider ze ginn. Des Weidere si mer fir Iech do, wann der Froen hutt oder Saachen Iech onkloer erschéngen.


Dat Allerwichtegst, dat si mer selwer
Als Eisebunnerinnen an Eisebunner si mer en Deel vun der Léisung, well mer am Déngscht vun der Allgemengheet dobausse stinn. Iech, Kolleegen a Kolleeginnen, gëllt eise Respekt an eise Merci fir ären alldeeglechen Asaz.


Besonnesch wichteg ass et, dass mer eis selwer beschtméiglech versichen ze schützen. Duerfir ass et onëmgänglech di 6 Gestes barrières anzehalen:
Haalt 2 Meter Distanz zu anere Leit !
• Gidd Iech net d’Hand !
• Fuert Iech net mat de Fanger an d’Gesiicht !
• Wäscht Iech esou oft ewéi méiglech d’Hänn !
• Houscht an den Ielebou !
• Bleift doheem esou bal der Iech krank spiert !


Als SYPROLUX maache mer eis Bescht fir Iech an dëser schwéierer Zäit z’ënnerstëtzen. Mer si fir Iech do, well dier sidd eis Helden am Alldag.


Bleift gesond !
Mylène BIANCHY