RTL iwwert den Delegéiertendag 2019

D'Politik ass anerer Meenung an dat huet souguer fir Spannungen tëscht der Eisebunner Gewerkschaft an dem Minister vun der Fonction Publique gesuergt.

Mat 16 Delegéierte wier de Syprolux zwar déi kleng vun den Eisebunner Gewerkschaften. Et wier awer déi Bëssegst, sou d'Presidentin Mylène Bianchy. Et géif een dat hannerfroen, wat een ze hannerfroen hätt. An et hätt een Argumenter.

Wéi gëtt d'Grenziwwerschreidend Tarifikatioun gerechent? Wäerten d'Grenzgänger net éischter probéieren, den Zuch hei am Land ze huelen, wou awer d'Park&Ride'en op de Grenzen nach net gebaut sinn? Wéi soll een Zuchbegleeder reagéieren, wa sech e Client dernieft behëlt? En Ticket kéint kee méi agezunn ginn. Den Zuch stoppen, a waarde bis d'Police kënnt.

An enger vun der Resolutioune vum Dag gëtt eng Eisebunns-Police gefuerdert. Déi Responsabel vum Syprolux warnen och, datt bis den 1. Mäerz d'nächst Joer, net genuch Material rulle wäert, fir nach méi Clienten ze transportéieren. Däerfen dann d'Maschiniste mat iwwerfëllten Zich fueren?

Wann iwwerhaapt Zich rullen, well déi nächst 5 Joer nach vill späre wéinst Schantercher ustinn. D'Syprolux-Presidentin freet wéi d'Politik de Leit, déi een 1.-Klass-Abonnement vu 660 Euro kafen, am Fall vun enger Spär vun enger Zuchstreck erkläert, datt si iwwer Méint mam Bus fuere muss. Wäert e Bus 1. Klass, un een anere vun där 2. Klass ugekoppelt ginn?

En Ëmfeld an deem sech d'Gewerkschaftler och eescht Froe stellen, wat d'Wuelbefanne vun de Mataarbechter ubelaangt. Sief et op der Eisebunn oder der Gummis-Bunn. Och nach Bus genannt. Kënne Sécherheet a Qualitéit nach garantéiert ginn? Stress, bedéngt duerch d'Bausch-Stellen - Ironie war e Samschdeg méi dacks e Moyen fir eescht Froen unzegoen. Awer och e klore Manktem u Personal wieren eng Realitéit. Net well d'CFL, net genuch Leit astelle wéilten. Ma well d'CFL net méi déi néideg Profiller fannen.

Gewalt am ëffentlechen Transport: Syprolux wënscht sech eege Police-Unitéit

D'Presidentin vun der Syprolux war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. 

"D'Tendenz ass Gott sei dank réckleefeg." Dat sot d'Mylène Bianchy e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux huet Zuelen evoquéiert, dass Fäll vun ongediegenem Behuelen oder Vandalismus op der Bunn a leschter Zäit ofgeholl hätten. Parallel sinn awer déi physesch Aggressioune géint Leit, déi um Zuch oder dem Bus schaffen, liicht geklommen.

Et misst een dohier weider "wachsam" bleiwen. D'Präsenz vun iwwer 420 Kameraen op den Zuch-Garen oder engen 1.240 an den Zich géif derzou bäidroen, dass d’Sécherheet do geklomme wier.

Keng nei Detailer konnt d’Mylène Bianchy iwwerdeems liwweren zum Tëschefall op der Éiter Gare am Mäerz dëst Joer, wou zwee Mataarbechter vun den CFL brutal vun engem Grupp vu Leit zesumme geschloe goufen. D’Enquête géif hei weiderhi lafen. Deenen zwee Affer géif et awer den Ëmstänn entspriechend besser goen.

D’Mylène Bianchy huet als Syprolux-Presidentin och nach emol ënnerstrach, dass Si sech eng eegen Police-Unitéit fir de gesamten ëffentlechen Transport géif wënschen.

Op d’Fro, ob Zivilcourage géing ofhuelen, sot d’Mylène Bianchy et soll ee sech selwer net a Gefor bréngen an am Beschten ëm Hëllef ruffen. Mä einfach nokucken, dat wier och op jiddwer Fall net d’Léisung.


 

den CFL Generaldirekter op 100komma7

Vun zentraler Wichtegkeet ass virun allem de Bau vun zwee neie Quaien op der Stater Gare. Si maachen et méiglech, datt viraussiichtlech vun 2022 un déi sechs national Lignë jiddereng hire feste Quai kritt. De Marc Wengler weist sech iwwerzeegt, datt dat en "däitleche Qualitéitssprong" géif bedeiten. Haut wier et nämlech esou, datt all klenge Problem op enger Zuchlinn Repercussioune bis op d'Stater Gare hätt, an dat hätt da Repercussiounen op déi aner Linnen. "An et entsteet esou een Dominoeffekt", seet de Marc Wengler.

D'CFL huet sech och chiffréiert Ziler gi fir bis 2024 d'Pénktlechkeet ze verbesseren an d'Zuel vun Zuchausfäll däitlech ze reduzéieren: et soll dofir gesuergt ginn, datt op kee Fall manner wéi 92 Prozent vun den Zich zur Zäit sinn (haut sinn et 89 Prozent) - an dass op kee Fall méi wéi ee Prozent vun den Zich ausfält (2018 waren et bal 2 Prozent).

Dem Wuesstum gerecht ginn

Fir dem Wuesstum vun der Bevëlkerung gerecht ze ginn, hätt d'CFL e Plang ausgeschafft, fir datt den ëffentlechen Transport attraktiv ze maachen. Dëse Plang géif op enger Croissance vun dräi bis fënnef Prozent vun de Reesender baséieren. "Dat ass awer eng Hypothees, déi baséiert op deem, wat mir déi lescht zéng Joer erlieft hunn."

Déi lescht zéng Joer hätt et eng gutt Konjunktur ginn, de Marc Wengler geet also dovunner aus, datt d'Prognos net schlecht wier. Am Dezember huet d'CFL 34 nei Zich bestallt. Dës géif 46 Prozent méi Capacitéit bedeiten, seet de Generaldirekter vun der CFL, an et hätt een awer nach weider Optiounen an deem Kontrakt.

Kooperatioun mat der Police

Gutt zwou Wochen nodeems zwee CFL-Agenten nuets vu Jugendlechen op der Gare zu Éiter zerschloe gi sinn, wieren déi Concernéiert zwar net méi am Spidol, mee nach ëmmer am Krankeschäin. D'Tatsaach, datt de François Bausch, deen als Minister jo souwuel fir Mobilitéit wéi fir bannenzeg Sécherheet zoustänneg ass, iwwer d'Utilitéit an d'Machbarkeet vun enger Police-Unitéit fir den ëffentlechen Transport nodenkt, begréisst de Marc Wengler:

"Natierlech si mer frou iwwer esou eng Initiativ. Entretemps schaffe mir och scho vill mat der Police zesummen. Dat sinn zwar da vläicht éischter punktuell Initiativen, deelweis och grenziwwerschreidend. Mir hu jo eng Hellewull vun Dispositiounen déi lescht Jore geholl, vun Initiativen: dat geet vu Kamerae bis Sécherheetspersonal, wat mir jo och selwer verstäerkt hunn an den Zich an an de Garen. Dat geet iwwer d'Beliichtung fir verschidden donkel Ecken ze vermeiden, Formatioun vum Personal ... do si ganz vill Saache gemaach ginn. Eng vun deene Saachen ass eng reegelméisseg Concertatioun mat de Police-Responsabelen. An dat dote kann nëmmen eng gutt Iddi sinn."

234567