Mylène Bianchy um 100 Komma 7

Net just d'Kommunikatioun fir d'Cliente bei der CFL wier net gutt, mee och déi intern Kommunikatioun fir d'Mataarbechter misst verbessert ginn, seet de President vum Landesverband, Georges Merenz.

Heefeg hätten d'Passagéier d'Informatiounen iwwer Internet méi séier wéi d'Personal vun der CFL.

'Kommunikatioun vun de CFL misst vill méi proaktiv ginn, och géigeniwwer der Press, seet hirersäits d'Presidentin vum Syprolux. D'CFL wier vun hirem eegene Succès iwwerrannt ginn, esou d'Mylène Bianchy.

D'Mylène Bianchy kann d'Roserei vun de Leit verstoen, mee et misst ee sech am Grëff hunn an déi Roserei net u Leit ausloossen, déi net fir e Retard kënnen. Vill Fluxe vun den Zuchlinne wieren nach net optimiséiert an dacks géifen Informatiounen ze spéit beim Personal ukommen.

De Georges Merenz ënnersträicht awer, datt "onheemlech vill" un der Kommunikatioun geschafft géif ginn. D'Betribsleitzentral (BLZ) wier eréischt am Ufank an d'Leit misste sech nach richteg aschaffen. "An da kréien och eis Zuchféierer Tabletten, datt déi grad esou séier wéi d'Clienten och, op der App d'Informatioune kréien."

Angscht virum Wiessel

Vum 1. Mäerz 2020 u soll den ëffentlechen Transport fir all d'Passagéier gratis ginn. Béid Gewerkschafte kritiséieren dat. Fir de Georges Merenz vum Landesverband wier d'Kommunikatioun vun der Politik schlecht gewiescht.

Der Syprolux-Presidentin no wier doduerch d'Beruffséier vun de CFL-Mataarbechter a Fro gestallt. Fir d'Mylène Bianchy hätt een et mat enger Ofwäertung vum Beruff ze dinn: "Mir schwätzen hei zwar net vu Plazen oder Ofbau vun Aarbechtsplazen, mee mir schwätzen hei vu Beruffsbiller ofschafen, déi awer och op engem Niveau vu Sécherheet eng wichteg Roll spillen."

D'Haaptfuerderunge vu béide Gewerkschaften

Fir d'Mylène Bianchy ass d'Haaptfuerderung vum Syprolux de Bereetschaftsdéngscht vun de CFL-Mataarbechter, déi sech ëm de Gleisbau bekëmmeren, souwéi d'Disziplinarrecht bei der CFL fir eng "Culture juste".

 

 

Gratis ëffentlechen Transport: Positives an Negatives am RTL Journal op der Télé

Gëscht Owend war d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy Invitée am Journal vun der Télé.

E franséische Politolog gesäit de gratis ëffentlechen Transport ganz positiv, d'Gewerkschaft dogéint gesäit dat anescht.


 

Wann ee sozial wëll sinn, hätt een un anere Schrauwe missen dréinen

En Dënschdeg de Moie war d'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchy eis Invitée vun der Redaktioun.


 

34567