Mitglied werden Einschreiben
Info

De SYPROLUX: fir Dech do

Mir wëllen Dech kenenléieren


Mer schaffen all zesummen an engem Betrib, deen sech an de leschte Jore staark entwéckelt huet. Vill nei Beruffsbiller an Ausbildunge beräicheren d’CFL. Mer sinn all Eisebunner, an trotzdeem huet all Beruffskategorie seng eege Problematiken, Iddien, Suergen, Froen oder Ureegungen.

Mat der Aféierung vun der Bachelor-Karriär, enger laangjäreger Fuerderung vum SYPROLUX, ass et eis gelongen och dës Leit an de Personalstatut vum Eisebunner opzehuelen. Domadder ass et an den Ae vum SYPROLUX awer net gedoen.

De SYPROLUX huet en oppent Ouer fir all Eisebunnerin an Eisebunner. Aus deem Grond, ass et eis als Gewerkschaft en Uleies och de Kolleeginnen a Kolleegen, déi haut am sou genannte “cadre hors statut” u sech keng spezifesch Personalvertriedung genéissen, eng Stäip an Ënnerstëtzung an hirem Beruffsalldag ze sinn.

Mir, als SYPROLUX, wëllen Dech kenneléieren!

• Du hues Froen zu denger Karriär?

• Du hues Iddien, Ureegungen zu denger Karriär?

• Du hues Loscht eppes ze beweegen?

• Da komm bei eis laanscht a mer schwätzen driwwer!

(20A rue de Strasbourg L-2560 Luxembourg, mir leien an engem Bannenhaff, Parkplaze sinn disponibel)

Alle anzeigen
Save the date
  • Momentan sind keine weiteren Events geplant.

Veranstaltungskalender
September 2020
 
1
2
3
4
5
6
7
8
9
10
11
12
13
14
15
16
17
18
19
20
21
22
23
24
25
26
27
28
29
30
 
 
 
 
Mir ënnerstëtzen:
Mobbing ASBL Luxembourg Mobbing asbl luxembourg
CFL Job Dating CFL Job Dating