Info am BU: zu den Iechternacherer Tier


Info betreffend d’Attributioun vun Iechternacher Tier un Leit aus dem Stater Roulement

Kolleeginnen, Kolleegen,

no laangen an deels kontroversen Diskussioune bannent eiser Kommissioun iwwert de Pro a Kontra zu u.g Thema krut den Delegué Titulaire vun eiser Kommissioun den 22ten Abrëll an enger Entrevue mam Chef du Mouvement endlech Äntwerten op eis Froen, déi mir dem Chef de Service schonn den 21ten Dezember zejoert geschéckt hunn. No dëser Entrevue si mir an enger uschléissender Reunioun zesummen zur Konklusioun komm, dass mir de Projet esouwäit ënnerstëtzen, wéi eis Fuerderunge bzw. Konditioune vum Service respektéiert ginn.

D’Modalitéite si folgendermoosse virgesinn:

1. Déi Tier, déi zu Iechternach net besat ginn, bzw. opstinn, ginn à priori un déi 22 Reserviste verdeelt, déi méi no bei Iechternach wunne wéi bei der Stad. Eenzeg Exceptioun wier am Fall, wou z.B. ee vun deenen 22 Agent’en sech fir den Dag X eng Fréischicht freet an awer just an der Stad nach eng fräi wier, da muss deen Agent deen Dag eben an d’Stad fuere kommen.

2. Déi 7 Agent’en aus dem Stater Roulement, déi sech fir eng éischt Testphase gemellt hunn, wäerte jeeweils +/- 50% zu Iechternach bzw. an der Stad fueren. Egal wéi wäert näischt un hirer Déngschtschabloun änneren.

3. Deen ganze Projet baséiert kloer um VOLONTARIAT, d.h. wann ee vun deene 7 betraffene Leit net méi well, gëtt säin Déngschtplang vun der nächster Referenzperiod un rëm op normalen Oflaf zréckgesat.

Bleift ze bemierken, dass et laut Ausso vum Chef du Mouvement esouguer mat deenen betraffenen Leit (29 ETP) net wäert duergoen, fir all oppenen Déngscht ze besetzen, an awer kenne mer doduerch erreechen, dass net méi grad esou vill Reserviste vun der Stad op Iechternach detachéiert musse gi wéi bis elo.

Dofir hunn mir als BU-Kommissioun vum SYPROLUX eis schlussendlech och mam Projet averstane gewisen. Mee mir hunn awer och an der Sëtzung beim Chef de Service vum 23ten Abrëll ganz kloer manifestéiert, dass mir d’Situatioun weider verfollegen. Et soll net sinn, dass bemol Iechternacher Reservisten an der Stad fueren, iwwerdeems Stater Roulements-Leit zu Iechternach fuere!

Do si mir ganz decidéiert net domat d’accord!

BU-Kommissioun