Réunion auprès du Chargé de Gestion BU du 26 mars 2019


  • Approbation du compte-rendu de la réunion du 11 décembre 2018.

Et goufe 4 Punkten verbessert, an duerno vun de Gewerkschaftsvertrieder Syprolux an LV ugeholl.

  • Qualité et Sécurité

Verdeelung vun de Statistiken vun den 2 éischten Méint 2019.

  • Points présentés par le Chargé de Gestion.

An der leschter Zäit ass d’Zuel vun de Protokoller am Stroosseverkéier massiv eropgaangen. Wat opfällt ass, dass e puer Chaufferen 3 bis 4 mol am Joer dozougehéieren. Dem Här Hansen seng Propose war, dat beim 3te Viirfall vun enger Geschwindigkeetsiwwerschreidung ouni Punkte- verloscht réagéiert get an een eng “Demande d’explication écrite” kritt . Wann e Chauffeur protokolléiert, gëtt an d’Geschwindigkeetsiwwerschreidung huet e Punkte-verloscht mat sech bruecht, da soll de Chauffeur schon beim 1te Viirfall eng “Demande d’explication écrite” kréien.

De SYPROLUX an den LV si ganz kloer géint eng Stroofepolitik. Op Nofro vum Chargé de Gestion hinn, wat Gewerkschaften da géifen proposéieren fir d¨ss Problematik an de Grëff ze kréien, hunn d’Vertrieder vum LV sech enthaal a betount, dass et net hier Aufgab wär,do no  Léisungen ze sichen.

Vertrieder vum SYPROLUX hu virgeschloen, bei esou engem Virfall déi betraffen Chauffeuren zesummen mat engem Delegéierten an e perséinlecht Gespréich ze ruffen, fir d’Ursachen vum Viirfall an eventuell Mesuren, fir dat an Zukunft ze verhënneren, unzeschwätzen.

Divers LV

  •  Présentation de la situation des reliquats en journées improductives en 2019.

Verdeelung vun den Ënnerlagen vun der  Evaluatioun vun de Journée improductives vun den Buschaufferen vun Januar 2019 bis elo.

D’Zuelen beleeën schwaarz op wäiss wei d’Situation um Terrain ass. Bis Februar 2019 stinn 8823 Deeg op, d.h., dass bannent engem Joer 1692 Deeg dobäi komm sinn!!!

Daat machen bei 214 Chaufferen, 41 Deeg pro Chauffer !!

Op Nofro vum SYPROLUX betreffend zousätzlëcht Personal, fir d‘Zuel vun dësen Deeg ze reduzéieren, kruten mir gesot, dass 4 Leit virgesinn wären fir des Deeg ofzebauen. Dem SYPROLUX geet dat net dur, well duerch déi Mesuren kéinten maximal  800 (!)Deeg ofgebaut ginn.

  • Les délégués demandent le rapport de la réunion du 11 février 2019(10-12h). Un mail destiné au Chargé de Gestion par les délégués du FNCTTEL dans ce contexte est resté sans réponse.

De 25 Februar kruten all Delegéierten am Workshop de Compte Rendu ausgedeelt.

  • Les délégués demandent le suivi de la réunion entre les délégués du FNCTTEL et le Chargé de Gestion lors de la réunion du 11 février 2019 (8-10h).

Den Här Hansen huet kuerz Stellung geholl zu 2 Froen, mä drop verwisen, dass dës Sitzung nët geduecht wär, fir e Suivi vun der Reunioun vum 11.02 mam LV.

  •  Les délégués demandent si les modèles (Schablonen) des tableaux de service créés lors du Workshop du 4-6 mars 2019 coïncident avec les journées graphiques ?

Mir kruten confirméiert, dat dëst de Fall wär, wat sëch och am Compte Rendu vum 25.03 erëmfënnt.

  •  Les délégués se plaignent que même pour les 3 premiers C.R. inscrits dans le livre du congé noir, leurs congés ne soient pas garantis. Tel n’avait pas été convenu.

An der Lescht huet d’Personalsituatioun et leider nët hirginn. Den Här Neumann huet betount, dass hien sech der Situatioun bewosst ass, an hien selwer onglécklëch iwwer déi akutell Situatioun ass. An deenen nächsten Méint soll sëch awer eppes doen, an dofir géifen och nach eng ëtlech Chaufferen agestallt ginn.

  • Les délégués demandent le suivi du dossier des nouvelles uniforme pour 2019.

Den Här Niro huet eis matgedeelt, dass et Verspéidungen am Zäitplang vumFournisseur get, déi dësen Optrag vun den Uniformen kruut.  Umoossen fir Buspersonal ass ab dem Mee 2019 geplangt, an zwar bei engem lëtzebuerger Schneider. Déi éischt Bestellung  ass och méi grouss virgesinn wei bis dato.

Déi nei Uniformen sollen dann Enn Dezember ausgeliwwert ginn. Wann awer elo nach Kleedungsstecker gebraucht ginn, da soll een sech un d’Sekretariat haalen.

  • Les délégués demandent pourquoi les nouvelles parkas pour les CR prévus pour 2018 ne sont toujours pas livrés ?

Och dëst ass op den Terminplang vum Fournisseur zréckzeféieren.

  • Les délégués demandent pourquoi les mircofiches plastifiées sont retirées de tous les postes? Les délégués n’ont plus de moyen pour faire le contrôle des tours de service mal planifiés. Les délégués demandent qu’elles soient à nouveau mises en place .

Dës Microfichen goufen ewechgeholl opgrond vun den dägleschen Ännerungen um Personalplang.

Wann ab 2020 Tabletten disponibel sinn, gëtt just nach mat deene geschafft.

D’Chef Etage huet och betount, dass et net virgesinn ass, dass Gewerkschaftsvertrieder iwwer all Ännerungen am Dagesgeschäft informéiert ginn.

Wann een CR een Problem huet, kann de betreffenden jo bei säin Delegéierten goen. Delegéierten missten bei der Ëmsetzung vun engem neienRoulement oder engem Fahrplanwiessel 3 Wochen am viraus informéiert ginn.

Domat huet den LV sech net zefridden gewisen a mengt zë wëssen, dass dat an den Aarbechtskonditiounen festgehaal wär, déi sie awer nët dobäihätten, fir nozëkucken.

Den Här Hansen huet sëch erstaunt gewisen, dat dëst soll an den Aarbechtskonditiounen stoen ,an dofir gouf des Fro op déi nächst Sitzung verluechtt.

  • Les délégués demandent pourquoi la journée 1028 à la date du 03 mars 19 était si mal planifiée, sachant qu’il y a eu la Cavalcade à Diekrich ? Retard de 35 min à la course 5027541.

Den Här Neumann huet geäntwert dass et onméiglech ass, bei all Manifestatioun hei am Land all eventuell Verspéidung ersëtzen ze wëllen. An deem Fall misste méi Leit ageplangt ginn, an dat dierft ganz bestëmmt keen Wonsch vun den Gewerkschaften sinn ...

  •  Les délégués demandent pourquoi les tours de service ne sont pas adaptés au besoin réel (voir Weekend du 08-10.03.19) des courses à pied et haut le pied pour prendre leur départ à la gare de Luxembourg.

Deen Weekend war de Pont Büchler gespaart. Wann dat soll geännert ginn, muss den LV an Kaf huelen, dass 40 bis 50 Roulements Leit hier Journée geännert musse kréien.

  • Les délégués demandent pourquoi le lavage bus ne fonctionne pas dans les périodes hivers. Depuis des années chaque année le même scénario.

Den MA wéisst sech iwwerrascht, wëll Zuel vun den ausgestallten Rechnungen un d’privat Busfirmen awer geklomm wär …

  • Les délégués demandent leur situation de la clôture des jours de l’année 2018 concernant leur RP, CS et Congés.

Hei kënnt een Avis. Dann kann all CR nofroen, wéi seng Situatioun ass.

  •  Les délégués demandent comment c’est possible que les conditions de travail ne soient toujours pas respectées par le «Disponent», pourtant il a été rappelé à l’ordre plusieurs fois. Un CR nous a contacté avec demande de contrôler sa situation et nous avons dû constater que sur une période de 3 semaines il avait eu 2 RP isolés, nommé Repos caché et ceux-ci doivent avoir 45 heures de repos et celles-ci n’ont pas été respectés.

Den Problem gouf un den RH un d’Reglementatioun weidergereecht.  D’Aarbechtskonditiounen erlaben et esou zë schaffen. mä EU Direktiv 561/2006 nët.

  •  Les délégués demandent que les anciens réservistes doivent être prioritaires en remplaçant les tours de services aux postes isolés par rapport aux nouveaux réservistes.

Dëst ass ganz schwéier bis onméiglech zë realiséieren, an dat aus organisatoreschen Grënn. D’Chefetage ass och der Meenung, dat et bei de Reservisten keng Hierarchie gëtt.

  • Les délégués demandent pourquoi les consignes concernant l’infomation de changement de tours de service ne sont toujours pas respectées (Journée 3004 date du 16.03.2019).

Op der Journée konnt absolut keng Anomalie fonnt ginn. Et huet sëch erausgestallt, dass et een Feeler vum LV war .( falsch Journée)

  •  Les délégués et suppléants demandent de recevoir un classeur actualisé avec la matière pour l’examen de fin de stage.

Am Moment sinn nei Classeuren an Ausarbechtung. Esou bal déi fäerdeg sinn, krit all Gewerkschaft een Classeur ausgehändegt.

Divers Syprolux

  •  Mir haten gefrot, op Ettelbrécker CRS och den 1 Abrëll hir Positioun am neien Wochenschema gesot kréien, well si jo op 9 Uniteiten erofginn.

D ‘Äntwert wou mer kruten : “Mä selbstverständlech….. !“

  •  Les délégués du personnel désirent être informés sur les embauchages prévues pour les exercices 2019 et 2020.

De März hunn 5 CRS ugefaangen, den Abrëll, Mee an September fänken all kéiers 10 nei Chaufferen un, an am Juni sinn et 9 néi Chaufferen.

Mir kënnen déi Astellungspolitik nëmmen begréissen, och wann si vill ze vill spéit kennt.

Mee besser spéit wéi iwwerhaapt net.

  • Les prochaines planifications de roulements auront lieu en juin 2019 lors d’un Workshop. Les délégués du personnel demandent la possibilité d’incorporer des jours de repos pendant le weekend lors de la planification des roulements LUX1 et EN1.

Dës Méiglechkeet gëtt während engem Workshop gepréift. Fir Iechternach ass deen fir dëse Workshop op den Juni 2019 festgesaat an fir Lëtzebuerg nächst Joer den Juni.

Et gët mat Iechternach ugefaangen, wëll et do méi akut ass wéinst dem zesummenleeënn vun Ettebreck an Iechternach. Mir si nach ëmmer der Meenung, dass e Roulement 1 Lux oder EN kloer Verbesserungen muss kréien, wéi dat bis elo de Fall ass!!!

  • Les délégués du personnel demandent pourquoi les journées changées n’ont plus le chiffre 6 devant leur numéro original ?

Dat war just een “Utile de Contrôl” fir den PC an CEB . Elo ginn Journéeën all Daach owes um 19:00 Auer eraus gedréckt. Alles wat no 19:00 Auer geännert muss ginn huet erëm eng 6 virdrun.

  • Les délégués du personnel demandent à ce que le remplissage du plein de gasoil soit de nouveau inscrit sur les fiches journalières.

Momentan steet et net op de „fiches journalières“, wëll de PC sëch em dëse  Planning bekëmmert. Et gët awer net ausgeschloss, dass se spéider erëm op Fiche stoen kënnt.

  • Les délégués du personnel demandent pourquoi une journée qui commence à 13 :06 et qui se termine à 21 :44 est notée comme journée avec une durée de 8 heures 37 minutes alors qu’elle dure 8 heures et 38 minutes ?

Mir goufen doriwwer informéiert, dat am Juli a September eng nei IVU-Software komme soll. Mir hu versprach krut, dass dëse Problem dann soll geléist sinn. Mir hoffen mol dass dat esou ass. Wëll wann als Beispiel bei 60 Journéeën all kéiers 1 Minut feelt sinn dat 364 Stonnen pro Joer.

  • Les délégués du personnel demandent un remaniement de l’organisation des jours de congés. Il s’avère qu’un certain nombre de réservistes n’ont obtenu aucun jour de congé hivernal.

Nach dëst Joer soll een extra Workshop organiséiert ginn, fir I.S. 40 auszeschaffen . Och héi begréissen mir Intentioun vun der Chef-étage, dass vun elo un méi mat denGewerkschaften soll zesummegeschafft ginn.

  • Les délégués du personnel demandent, si un chauffeur qui doit procéder à un changement de roulement peut récupérer ses jours de congés «Joker , si le jour travaillé non prévu tombe sur un repos ?

Die kloer Äntwert: Jo, hei gouf och nach eng kéier op de Workshop I.S. 40 verwisen.

  • Les délégués du personnel demandent dans quel délai le badge pour l’utilisation des installations sanitaires à Bettembourg pourra être remis aux chauffeurs. La question a déjà été posée au courant de l’année 2018.

Den Devis ass ukomm an chiffréiert sech op 12.000 €. Elo muss nach gekuckt ginn, op wéi een Budget dëse Betrag  kann verrechent ginn. Leider steet nach kee genauen Datum fest, wéini d’Arbechten sollen ugoen. Mir waarden elo schonn säit 4 (!!!) Joer op en permanenten Accés op eng Toilette. An dësem Fall kann ee vu villes schwätzen, mä definitiv net vun „Bien-étre au Travail“.

  •  Les délégués du personnel souhaitent que les nouveaux bus Volvo Hybrides ne soient pas stationnés côte à côte dans le hall durant leur alimentation, afin d’éviter tout choc ou collision.

Déi sinn do geparkt wéinst den Platzen mat de Steckdousen. Eng Alternativ ass momentan nach net ginn.

Les délégués du SYPROLUX