Mäin léiwen Här, dat war richteg grouss!

Besonnesch zënter der Pandemie, reide mer jo bal all am allgemengen e bëssi op der grénger Well. Vakanz doheem gëtt promouvéiert, d'Leit sollen an d'Natur eraus, sech beweegen, eis schéint Ländchen entdecken. D'Politik verbënnt dat da ganz besonnesch mam Vëlo. Dat ass och wuel flott an u sech eng gutt Saach. Ech selwer hunn dëst Joer och Vakanz heiheem gemaach mat ville Wanderungen a mat ville Kilometer um Vëlo. An ech sinn esou guer mat menge Vëlo mam Zuch gefuer. Wann d'Material der Offer un de Client net gerecht gett

Wann d'Material der Offer net gerecht gëtt

Ech hunn awer misse feststellen, dass di vill Reklamm, déi mer d'CFL mécht fir d'Reese mam Vëlo ze promouvéiere wuel gutt gemengt ass. Awer zu engem Moment gemaach gouf, wou mer absolut guer net iwwert dat néidegt Material verfüge fir dëser Offer gerecht ze ginn.

Do ännert och keen Autocollant op enger Voiture eppes un der Situatioun, well dee verweist jo just drop, dass an deem Deel vun enger Voiture kann, wann Plaz bei de Passagéier ass, een oder méi Vëloen deponéiert oder opgehaange ginn. Do si mer awer wäit ewech vun engem Kompartiment, wat fir den Transport vu Vëloe geduecht ass, wéi mer dat emol viru ganz laanger Zäit haten. Do si mer nach mat Wegmann-Material gegondelt.

Wann een als Transportbetrib, de Vëlo well promouvéieren, da muss een esou éierlech sinn an uginn, wéi vill Vëloen a wéi ee Material theoretesch era ginn. Awer virun allem musse ee kloer an eisen Zich affichéieren, dass de Passagéier, dee Moies op d'Schaff oder an d'Schoul fiert, a virun allem d'Sécherheet vun all de Reesender Virrang par rapport zu engem Vëlostransport huet.

Zeechen vun Aarmut

Et ass en Zeechen vun Aarmut, fir keng aner Wierder ze gebrauchen, dass op sozialen Netzwierker, wou deels ënnert dem Deckmäntelchen vum Anonymat, da Filmer zirkuléieren, fir eis Kolleegen Zuchführer bewosst an e schlecht Liicht ze réckelen. Just fir ze soen, d'CFL mécht jo och reegelméisseg Ëmfroen bei der Clientèle, an d'Professionalitéit an d'Frëndlechkeet vun eisen Zuchführer erreechen do ëmmer nees Héchstwäerter.

La Sécurité prime

An deem ugeschwaten Fall, huet eis Kolleegin Zuchführer hier éischt Prioritéit erfëllt, nämlech fir d'Sécherheet vun eise Client ze suergen. An dee Reesender, dee mat sengem Vëlo wollt an e voll besaten Zuch eraklammen, krut jo kuerz drop deen nächsten Zuch. Deen huet en plus och net esou geklongen, wéi wann dat fir deen elo e Weltënnergang gewiescht wier.

E Blannen gesäit op deem Extrait, op deem deen dichtegen besuergten Bierger eis Kolleegin jo och nach kloer provozéiert huet, dass den Zuch um Quai iwwerfëllt war. An dann ass et dem Zuchführer seng Flicht eng Entscheedung ze treffen, wéi vill Leit nach kennen an den Zuch klammen. Do spillt et an esou enger Situatioun keng Roll op um Deel vu enger Voiture e Vëlo opgepecht ass oder net.

En Zuchführer ass keen Punchingball

En Zuchführer ass weder e Punchingball fir iergendwellech, wéi och ëmmer gearten Frustratiounen vun Leit opzefänken, nach ass en et néideg sech beleidegen ze loossen fir Saachen, wou hien absolut keen Afloss drop huet.

An nach ee Wuert zu déier vermeintlecher Prouf, ech ginn jo dovunner aus, den Här mengt dat Wuert Beweis:

Dir, mäi léiwen Här hutt kloer bewisen, dass eis Kolleegin hier Sécherheetsmissioun erfëllt huet, an dass Dier just eis Kolleegin an deem Moment wëllentlech wollt diskreditéieren. Äert Meeschterwierk hutt der dann op eng Sozialplattform gesat, wou der Iech hannert engem Pseudonym verstoppt. Dat ass richteg grouss!

Mylène Bianchy, Présidentin vum SYPROLUX