Generalversammlung vun der Sektioun Ettelbréck


De 25 Januar 2019 huet SYPROLUX Sektioun Ettelbréck hier Generalversammlung zu Warken am Café Restaurant Kaell ofgehalen.

Niewwt de Rapport‘en an de Berichter aus der Sektioun stoung d‘Présentatioun vun de Kandidaten(innen) fir Sozialwalen am Mäerz dëst Joer ganz uewen op der Dagesuerdnung.

Et ass de SYPROLUX Vertrieder gelongen eng jonk, dynamesch an erfueren Kandidatelëscht zesummenzestellen.

64 Kandidaten, eng Altersmoyenne vun 43,7 Joer ee Mix aus „Aalen Huesen“ an neien Anwärter schwätzen fir sech.

D’SYPROLUX Leedung huet och hir Positioun zum Thema „Gratis ëffentlechen Transport“ duergeluecht an strikt betount dat si, am Gespréich am Minister François Bausch grad wéi am Aarbechtsgrupp mat der CFL-Direktioun, ëmmer nees betount hunn dat si keen Personalofbau akzeptéiert. Durch d’Aféiren vun dëser „Sozialer Moossnam” bzw., dass Zich net däerfen ouni CFL Zuchbegleeder fueren.

D‘Beruffsbiller vun den Zuchbegleeder an dem Schalterpersonal sollen nei definéiert ginn, sou dat si och op laang Sicht an engem sécheren an nëtzlechen Aarbechtsberäich schaffe kennen an dat am Interesse vum individuellen Wuelbefannen an am Sënn vun engem performanten Service um Client.

Ofschléissend goufen d’Jubilaren fir hir laangjäreg Memberschaft geéiert:

• Mme Nelly Atten fir 50 Joer

• Mme Ria Schroeder fir 60 Joer Entschëllegt woren:

• M. Edgar Agnes fir 30 Joer

• M. Nicolas Finck fir 60 Joer

D‘Memberen vun der Sektioun Ettelbréck wënschen all de SYPROLUX Kandidaten vill Gleck fir den 12. Mäerz.

Vive de SYPROLUX! Vive Lëscht 5!

Fir d‘Sektioun Ettelbréck

Tania PESCH

AG-Eb-19.jpg
v. L. n. R.: Tania Pesch, Nelly Atten, Ria Schroeder, Paul Gries, Mylène Bianchy und Bertemes André