AG AV-Kommissioun
CORONAVIRUS
Kolleeginnen a Kolleegen
Am Kontext vun den rezenten Entwécklungen zum Coronavirus deelen mer Iech mat, dass all eis Generalversammlungen vun eise Sektiounen a Kommissiounen an eis Visitten um Terrain
bis de 19. Abrëll 2020 ofgesot sinn.
All dës Evenementer ginn zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl.
Mer bieden ëm äert Verständnis.
Invitatioun
Léiw Kolleeginnen a Kolleegen,
Heimat luede mer Iech ganz häerzlech op eis Generalversammlung an, si get ofgehaalen e
Donneschdes, den 02. Abrëll 2020
Um Programm steet:
• 13:30 Auer Rendez-vous op der Gare Belval mat gemeinsamer Visite
• 18:00 Auer Generalversammlung am Restaurant Gurman
(2 Rue Grande-Duchesse Charlotte L-4430 Sanem)
No der Generalversammlung gëtt eng Agape offréiert, dofir mëllt iech w.e.gl. bis den 27.03.2020 un.
SYPROLUX-Generalsekretariat: 22 67 86 1 / Basa 1289
oder op: syprolux@pt.lu
AV-Kommissioun