sypronews am BU 11 November 2021


Info
betreffend den Aarbechtsplang fir d’Referenzperiod vum 6. Dezember 2021 bis 2. Januar 2022

Kolleeginnen, Kolleegen,
wéi et Iech bestëmmt opgefall ass, hunn alleguer d’Leit an engem Roulement hiren definitiven Aarbechtsplang fir di uewen ernimmten Referenzperiod nach net kritt.

Op Nofro vum Personalvertrieder vum SYPROLUX am Büro vun der Planifikatioun krut hien gesot, dass Enn Oktober vum Ministère nach eng sëllegen Ännerungen erakomm wieren, déi alles op d’Kopp gehäit hätten.
Dowéinst wieren d’Pläng fréistens fir den 29ten (sic) November dis- ponibel! - Baff, déi souz awer! An alt erëm op en Neits eng poulriicht op de Bak!

An dann schwätzt eis Obregkeet nach vun “Bien-être” au travail? Do dierf een sech dach wuel e puer ganz sérieux Froen stellen!

Virop déi, wéi et ka sinn, dass een fir eng Partie Ännerungen een ganze Mount(!) brauch? An do gëtt dann och nach ganz am Eescht “Versteesdemech” erwaart! Firwat net einfach mol éierlech sinn, an agestoen, dass een et net besser kann!?

Mee haalt w.e.g. endlech op, eis d’Geschicht vun der grénger Geess ze verzielen! Fir déi Zoumuddung an punkto “Planifikatioun” bzw “Organisatioun” kann een just eng fatzeg Datz verginn oder an anere Wieder, sief gesot: “ Setzen! Sechs! “

Dan Schildgen & Marc Becker