Pressecommuniqué

Il ne faut pas prendre les enfants du bon Dieu pour des canards sauvages

Als Eisebunnsgewerkschaft SYPROLUX komme mer op dësem 23. Dezember 2020 net aus dem Staunen eraus.

Et sinn elo schonns 9 Méint, dass e mikroskopesch klengen Virus net nëmmen eist Land, mee d’ganz Welt an Otem hält. D’Leit ronderëm eis, mer alleguerte si midd an deelweis ausgebrannt. An d’Chrëschtzäit, déi een soss éischter als Zäit vun der Rou upeilt, gestalt sech 2020 als "Spiesrutenlauf" a gläicht enger Partie «Mensch ärgere Dich nicht», d’Spiller drop waarden en 6 ze wierfele fir däerfen an de Krees vun deene 4 eragelooss ze ginn.

De Mënsch, de Bierger ass gewellt Villes unzehuelen, wann et drëms geet sech an anerer ze schützen. De Mënsch, de Bierger brauch och novollzéibar Reegelen, an heiansdo och streng Aschränkunge fir datt seng Sécherheet ka garantéiert ginn. De Bierger gëtt duerfir en Deel vu senger Verantwortung un e Parlament an seng gewielte Volleksvertrieder of. Eng Regierung, déi jo genannt gëtt, ass fir d’Ausféierung vum Pouvoir legislativ zoustänneg, dat heescht si féiert en Optrag vum Parlament aus, bzw setzt Entscheedungen ëm.

Elo sti mer dann een Dag virun Helleg Owend, virun engem zweete Lockdown, an da versicht eis Regierung, de Volleksvertrieder en Text virzeleeën, deen nodeems mer als Bierger all Moossnamen a Restriktiounen am Kader vun der Covid-19-Pandemie matgedroen hunn, awer elo all Kader sprengt.

Wéi kann een als Regierung vun engem Land, dat an senger Vergaangenheet ënnert dem Nazi-Okkupant seng Identitéit, säi fräie Welle geklaut an zerstéiert krut, en Text virschloen, an deem de Bierger, an dësem Fall de Staatsbeamten, de Gemengebeamten, de Gemengen- a Staatsemployé’en a vill anerer, dozou opgeruff ginn, aner Bierger hei am Land aktiv ze denoncéieren? Do hält all gesonde Mënscheverstand op! Well eng Regierung wierklech e Reseau vu Gielemännercher an e Klima vu Mësstrauen a Näid opbauen. An iwwerhaapt, wat bréngt esou eng Mesure ouni Sanktioun? Wéi wëllen en esou eng Mesure zB. engem Buschauffer oder engem Zuchbegleeder erklären? Deen däerf nämlech e Reesender just frëndlechst drop hiweisen, dass e falsch ass, wann hie keng Mask am ëffentlechen Transport unhuet. Wann de Client en da bis vernannt huet, däerf en dann d’Police ruffen. Maachen déi Agenten dann elo eng Foto vum Client a schécken se un de Parquet eran ?

Als Gewerkschaftler an als Bierger si mer entsat iwwert di doten Textpropositioun an appelléieren duerfir un all eis Volleksvertrieder, dësen Text ofzeleenen. D’Parlament soll hei hier Verantwortung iwwerhuelen an eng Ofännerung vum engem Gesetzestext fuerderen, well esou en Text ass en Uschlag op eis Demokratie.

Mylène Bianchy

SYPROLUX-Präsidentin

Lëtzebuerg, den 23. Dezember 2020