Den Zuchbegleeder - méi ewéi en Billjeesknippser


Mer Zuchbegleeder sinn u sech di 1 Kontaktpersoun, déi de Client gesäit. Mer sinn zoustänneg fir d'Sécherheet an de Confort vum Client u Bord vum Zuch. Mer suergen derfir, dass de Client gutt un sengem Zil ukënnt.

Fachwëssen, kierperlech an mental Gesondheet: ouni dat geet et net!

Mer als Zuchbegleeder duerchlafen eng intensiv Ausbildung, déi wärend eisem ganzen Beruffsliewen ëmmer nees gepréift gëtt. Nëmmen gutt ausgebilten Zuchbegleeder kennen e gudden Service um Client maachen. Fir kennen eise Beruff auszeféieren, ass et duerfir och essentiell, dass mer souwuel kierperlech, ewéi och psychesch fit sinn. De PAT ass deemno zertifiéiert a Punkto Sécherheet an der Exploitatioun, betriblechen Reglementer (référentiel d'exploitation PAT), physesch an mental Aptitude.

Prozeduren fir all Fall!

Den PAT muss fir all Fall seng Prozedur kennen, an zwar:

• am Fall vun enger Hëtztwell,

• am Fall vun enger terroristescher Menace

• am Fall, wou en Géigestand bzw en Gepäckstéck fonnt gëtt

• de PAT muss d’Alarmen am Zuchmaterial kennen

• des weideren gëtt de PAT dem Client eng ganz Rei Informatiounen iwwert d’Zuchannoncen weider

• all PAT muss kennen 1. Hëllef leeschten.

4 Schrëtt fir dass den Zuch rullt Eise Beruff als Zuchbegleeder léisst sech mat 4 Schrëtt beschreiwen:

1. d’Virbereeden vum Zuch an der Gare d’Origine oder op all Gare, wou d’Zesummesetzung vum Zuch kann änneren;

2. d’Iwwerwaachen vum Zuch

3. d’Iwwerpréiwen vum Signal, éier den Zuch ufiert

4. d’Abfahrt ginn bzw d’permission de mise en marche vum Zuch

Den PAT ass present a villen Beräicher : Sécherheet

• de PAT kann beim Régulateur Sous-station den Uerder fir eng « Coupure d’urgence de la tension en cas d’avarie » ginn,

• de PAT hëlt all erfuerderlech Mesuren am Fall vun engem Zuchakzident fir den Affer ze hëllefen. De PAT fixéiert hei esou guer den Ordre de priorité nom Prinzip P-A-S (protéger – alerter – secourir). De PAT ass den 1. Kontakt vun der Police.

• de PAT ass de Sécherheetspartner am Fall vun enger Evakuatioun vum Zuch

• de PAT séchert am Fall vun engem Incident d’Barrière of

• am Zuch determinéiert den Zuchbegleeder «sur-occupation» vun den Voituren.

Exploitatioun

• de PAT mécht an aktualiséiert de Relevé vun de Gefierer. Hien ass responsabel fir d’Aschreiwungen;

• de PAT ass féiert d’Bremsprouf duerch, hien ass responsabel fir dës Bremsprouf;

• de PAT erstellt den Bremsziedel, hien ass responsabel fir d’Erstellen vun deem Dokument, wat hien mat sengem Numm ënnerschreiwt;

• de PAT steet all concernéierten Servicer Ried an Äntwert zu de Cartes rapport, den Demandes de réparation, den Constats incident sûreté (CIS).

Service um Client

• de PAT hëlleft an assistéiert den Personnes à mobilité réduite (PMR) ;

• de PAT steet dem Client fir all Informatioun zur Verfügung

• de PAT ass zoustänneg fir de Verkaf vun 1. Klass Billjee’en an internationalen Billjee’en am Zuch

De SYPROLUX steet zum Beruffsbild vum PAT

Mer als PAT sinn deemno durch eise Beruff, eis Missiounen an eist Kënnen e wichtegt an existenziellt Riedchen am Eisebunnsbetrib. An als SYPROLUX stinn mer zu deem villsäitegen Beruffsbild, an deem Sécherheet an Déngscht um Client Virrang hunn