Rapport réunion chargé de Gestion TM du 27.03.2019


2019–001 Les délégués du personnel demandent à être informes sur I’évolution des journées improductives des CEM au 31 décembre 2018.

Am Laaf vum Joer 2018 ass d‘Zuel vun de Journée improductives vun 7910 op 10085 erop gaangen. Daat ass een Plus vun 26,8%.

2019–002 Les délégués du personnel demandent une bonification de 5 heures par semaine (1 heure par jour ouvre) pour leur disponibilité en tant que first responder.

Vu que, dass déi Tache während der Arbechtszäit absolveiert gett, an op fräiwelleger Basis ass, ass keng Bonification dofir virgesinn. Wann en Agent eng Propose vun enger Verbesserung huet, w.e.gl. beim Chargé de Gestion mëllen.

2019–003 Les délègues du personnel revendiquent à ce que la pause de 25 minutes, prévue par les conditions de travail pour les CEM, soit également garantie en cas de retard.

Vu que laut Arbechtsconditiounen eng Paus vun 20 Minute virgesinn ass, an an den Tiir déi Paus garantéiert ass, kennt do kurzfristech keng Aennerung. Et sollen fir den Fahrplanwiesel am Dezember awer Upassungen gemat ginn.

2019–004 Les délègues du personnel demandent à ce qu'une plus grande variation de fruits soit mise à disposition du personnel.

Déi Responsabel vum CRM sichen no enger Léisung. Et hängt awer um bestohenden Contract, an awer och um Budget, deen virgesinn ass.

2019–005 Les délègues du personnel demandent d'analyser la possibilité de faire livrer des menus pour les agents travaillant pendant les séances soir et nuit à l’ atelier central.

An enger éischter Phase gett mat der Firma Dianalux gekuckt, fir d‘Automaten eng zweet Kéier am Daag opzefellen. D‘Méiglechkeet, fir am AC een zousätzlechen Automat opzestellen, gett och evaluéiert.

2019 – 006 Concernant la salle de séjour des CEM en gare de Luxembourg, les délègues du personnel remarquent que:

• certaines imprimantes des PC ne fonctionnement pas

• la télévision mise à disposition ne fonctionne pas

• l'état de propreté laisse à désirer.

Am Raum mat den Computer soll eng Imprimante stoen bleiwen, an och fonctionnéieren. Waat de Problème mam Fernseh ugeet, do läit den Problème an der Communicatioun mat der Post, deen awer soubaal wéi méiglech soll geléist ginn. Fir de Problème vun der Propretéit iwwert de Weekend an den Grëff ze kréien, gett d‘Firma kontaktéiert. Fir de Problème mat den iwwerfellten

Poubellen an de Grëff ze kréien, gett op d‘Disziplin vum CEM gezielt, sou daat do näischt ännere wärt.

2019–007 Les délègues du personnel demandent la mise à disposition des modes d'emploi des différents types de GSMR installés sur les engins moteurs CFL.

Mode d‘Emploi vun de verschiedenen Apparater sinn an dem Manuel de Conduite ze fannen. De Problème misst sech awer an der Teschenzäit geléist hun.

2019–008 Les délègues du personnel demandent à être renseignés sur le stade d'avancement des mesures de sécurité décidées suite a l’accident survenu a l’atelier central le 22 novembre 20 17. Qu'en est-il des modifications de l'installation permettant la mise hors tension simultanée des caténaires et de la ZS.

Déi Aennerungen un den Installatiounen, fir d‘Caténaire an ZS simultan auszeschalten, get an drei Phasen realiséiert. An enger eischter Phase get den CRR emgebaut, déi zweet Phase gesäit d`Hallen 1+2 vum AC vir, an zum Schluss gett och d`Haal 3 vum AC emgebaut. Déi Aenerungen sollen virum Summercongé färdeg sinn, an et sollen och Leuchtmelder installéiert ginn, déi weisen, op d‘Installatiounen enner Spannung sin.

2019–009 Les délègues du personnel demandent s'il existe des réflexions en vue de flexibiliser la mise à disposition du matériel roulant à l’atelier central? Un «Unimog» pourrait-il être une partie de la solution?

Am AC sollen déi interne Manöverfahrten mam Locotractor 1020 vum egenen Personal durchgeféiert ginn. D`Personnal fir déi Tache muss awer nach bestemmt gin, an duerno ausgebillt gin.

2019–010 Les délègues du person- nel désirent être informés sur le Stade d'avancement de I‘équipement des trains en WLAN.

Fir de Moment ass eng KIass emgebaut ginn, an do gin och Tester durchgeféiert. Wann déi Tester positiv verlaafen, sollen all DOSTO Voituren emgebaut ginn, ofhängech vun der Disponibilitéit vum Material. Déi néi Motricen, Typ2400, si schon mat WLAN ausgerëscht.

2019–011 Les délègues du personnel demandent à ce que soit actualisé la liste des codes de remplacement pour le SIV pour les trains non-programmés.

Déi Lescht vun den Ersatzzuchnummern soll aktualiséiert ginn, an op all d‘Material opgespillt ginn.

2019–012 Les délègues du personnel demandent l’ installation de repères aux voies 505 et 506 pour le garage des trains. Ceci garantirait une descente du poste de conduite en toute sécurité pour les conducteurs.

Wann Material op déi Gleiser geloss get, soll een Agent sur Place sinn, fir op deen richtegen Garage opzepassen, an am Bedarfsfall déi mobile Trapp bei den Poste de Conduite stellen, daat den CEM resp. CDM ouni Problèm erofkennt. Déi Markéierungen, déi elo dosinn, sollen méi sichtbar gemat ginn.

2019–013 Les délègues du personnel demandent à trouver une solution quant aux problèmes des fixations de sécurisation aux nacelles au CRR.

Déi Fixatiounen fir d‘Nacellen si fir déi Arbechten, déi domat durchgeféiert ginn, conform. Et ass virgesinn, dat emmer eng zweet Persoun présent ass, waan an der Héischt geschafft gett. Et soll awer och eng Consigne ausgeschafft ginn, wéi mat den Nacellen geschafft get.

2019–014 Les délègues du personnel remarquent les points suivants :

  • une évacuation des vestiaires en cas d’incendie n’est toujours pas garantie

  • l’installation de pissoirs se fait toujours attendre

  • le problème avec les pigeons n’est toujours pas résolu.

Fir de Problème mat der Plaz am Vestiaire an de Grëff ze kréien, get mat der CFL-Immo een Projet ausgeschafft, fir iwwert dem 3KV Trafo een Vestiaire anzeriichten vir maximal 40 Léit. Vu que dass an deene nächste Joeren den Atelier Süd gebaut gett, sollen um Site zu Letzeburg keng Container opgestallt ginn. Waat den Problém vun den Pissoiren ugeet, do war een Probléme mat der Firma, deen awer misst geléist sinn, sou daat demnächst 2 Setztoilleten durch Pissoiren ersaat ginn. Waat Dauwen am AC ugeet, soll den Summer iwwer mat der Firma Vermilux eng Léisung gesiicht ginn, daat deen Probléme am Hierscht net méi optrett.

2019–015 Les délègues du personnel demandent à être informés sur la remise prévue de la tablette et le nouvel uniforme pour les CEM.

Fir Ufank Mee 2019 sollen déi lescht Problémer mat den Tablets fir d‘Cem geléist sinn, sou daat dann all CEM säin Tablet kritt. Wat d‘Uniformen ugeet, do huet d‘Firma Münz d‘Ausschreiwung gewonn. Vu que dass eis Bestellung vun den CEM mam Service AV erausgeet, deen Service awer Prioritéit huet, steet nach keen Datum fest wéini d‘CEM hir Uniformen (Wéisst Hiem/ Polo+schwarz Box+Parka) kréien.

Points inscrit par le Service TM:

2019 – TM01 Les délègues demandent des informations sur le progrès des travaux au dispositif PMM sur les VP et les engins moteurs de la serie 4000.

No der Auswertung vun der Risikoanalyse ass déi elo ennerschriwwen a validéiert, sou daat mam Embau vum Material, ofhängech vun der Disponibilitéit, kann ugefaang ginn.

Den Systéme soll Enn 2019 operationnel sinn.

2019–TM02 Démolition Halle à Marchandise / Parking CRM.

Halle à Marchandise soll ab September 2019 ofgerappt ginn. Dann verschwënnt och de Parking hannert der Haal. Wat de Parking ugeet, do soll d‘Schichtpersonal een Badge kréien fir op de Parking ze kommen. Fir dat Personnal an den Büroen gett nach un enger Léisung geschafft.

2019 – TM03 Abris à Vélos sur le site du CRM.

Fir de Juni 2019 soll eng M-BOX um Site vum CRM opgeriicht ginn, an et sinn och Bornen vir Electroveloen virgesinn. Déi Léit, déi hire Vélo do wellen ennerstellen sollen sech am Sécretariat mellen, fir een neie Badge ze kréien.

2019 – TM04 Rélation ferroviaire entre Luxembourg et Liège à partir du changement d'horaire en décembre 2019.

Ab Fahrplanwiesel sollen Zich bis op Léck nemmen nach mat DESIRO gefuer ginn, an domat nemmen nach vun der SNCB. Den Depot Elwen soll awer eng Ausbildung op der DESIRO kréien, fir een Deel vun den Prestatiounen ze fueren. Den Depot Lux soll Prestatiounen op Léck komplett verléieren. Do sinn awer nach Réuniounen mat der SNCB, sou daat nach net secher ass, wéi et an deem Dossier weitergeet.

2019 – TM05 Catalogue EPI

D‘Fuerpersonnal sollen d‘Schung vun U-Powerlift an der heischer Versioun kréien, den Atelier déi an der niedreger Versioun.

Les délégués du SYPROLUX

Claude NOEL GEORGES DEMUTH